30. Anniversaire vum MEGA Ee Réckbléck op dräi Joerzéngte Gläichstellungspolitik

Chris Meisch
30 Joer sinn et elo hier, datt de Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit an d‘Liewe geruff gouf.

Deemools nach ënnert anerem Numm gouf de Schwéierpunkt op d’Promotioun vun de Frae-Rechter an op d’Verbessere vun hirer Stellung am gesellschaftlechen an am beruffleche Liewe geluecht. Zënterhier huet sech net nëmmen den Numm vum Ministère geännert, mä och säin Optrag, an de gesellschaftleche Kontext. Vu Fraefërderung iwwer d’Gläichstellung vu Fraen a Männer bis hin zu enger breet ugeluechter Diversitéitspolitik spigelt d’Entwécklung vum Ministère de Wandel vun der Gesellschaft selwer erëm. Eng Chronik vu politeschen Decisiounen, gesellschaftleche Verännerungen an der Fro, wat Gläichstellung haut – 30 Joer méi spéit – bedeit.

1995 gouf zu Lëtzebuerg e politescht Signal gesat: mat der Grënnung vum deemolege “Ministère de la Promotion féminine” kritt d’Fro vun der Gläichstellung eng eege Plaz bannent der Regierung. Am Mëttelpunkt stoungen deemools virun allem d’Rechter vun de Fraen an hir gesellschaftlech a berufflech Stellung. Et ass eng Zäit, an där d‘Gläichstellung nach haaptsächlech als Fraepolitik verstane gouf – a grad do setzt déi éischt politesch Struktur un. Mam Marie-Josée Jacobs krut Gläichstellung eng politesch Responsabel. D’CSV-Politikerin war déi éischt Ministesch op dësem Posten an huet no 9 Joer den Numm vum Ministère a “Ministère pour l‘egalité des chances” ëmgedeeft.

“Dat wou ech wuel am meeschte kritiséiert gouf, am meeschten déi Zäit am Gespréich war, war, dass ech ëmmer zu de Frae gesot hunn, se solle kucken, dass se géinge schaffe goen. Well dat wichteg war. D’Männer hunn deemools ëmmer léiwer gehat, d‘Frae wieren Doheem bliwwen, bis den Dag, wou si en Neit haten. An da konnt d‘Fra goen a se wousst net wouhin, dann huet si jorelaang net méi geschafft, an da kënnt Dir Iech virstellen, do war et net méi einfach wéi haut, fir erëm eppes ze fannen, wou ee säi Liewen domat konnt verdéngen.”

No 14 Joer als Ministesch huet d‘Marie-Josée Jacobs dunn hir Plaz un d‘Parteikolleegin Françoise Hetto-Gaasch weiderginn. Si huet ënnert anerem de Schwéierpunkt op d‘Weiderféieren an Ëmsetze vun de Gläichstellungsinstrumenter an op eng méi staark Sensibiliséierungsaarbecht, virun allem an de Schoulen, geluecht.

“Well mir bewosst ginn ass, dass et vill Männer ginn, déi et net gutt geet, an dass déi am Fong geholl keng Plaz haten, wou déi sech konnten hiwenden. Mir hunn immens vill fir d‘Frae gemaach an näischt fir d‘Männer. Dunn hu mir deemools den Infomann gegrënnt, an ech muss soen, den Infomann haut huet ganz ganz vill Zoulaf, do si ganz vill Leit, Männer, déi dohi ginn, jonk Männer, al Männer, fir sech hëllefen ze loossen.”

No hir gouf d’Lydia Mutsch responsabel Ministesch. Si huet sech virun allem dofir agesat, fir Gläichstellung vu Mann a Fra, méi alldagsno ze maachen.

2018 gouf et dunn de “Ministère de l’Égalité entre les femmes et les hommes”. Deemools ënnert der Leedung vum der Ministesch Taina Bofferding, déi sech ënnert anerem fir identesch Paie bei Mann a Fra, a fir d’Gläichstellung um Aarbechtsmarché staark gemaach huet. An zënter zwee Joer ass d’Yuriko Backes d‘Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit. Si huet ënner anerem en nationalen Aktiounsplang fir d’Gläichstellung an Diversitéit ausgeschafft an den Observatoire de l’égalité entre les genres 2024 gesetzlech verankert.

“Mir gesinn op der Welt, an Europa, mä och zu Lëtzebuerg, e Backlash géint Fraen- an ‘LGBTQI+'-Rechter an hir Communautéiten. Ech mengen, mir wëllen eis fir eng gerecht Gesellschaft asetzen, wou all Mënsch déi nämmlecht Rechter huet an ausübe kann, wou all Mënsch sech wuel spiert. Eist Land soll am Fong ee Safe Space si fir all Mënsch, dat ass et haut leider nach net.”

Vun der Promotioun vu Fraerechter iwwer Chancëgläichheet bis hin zu Geschlechter- a Diversitéitspolitik a Gewalt am Stot, d’Sujeten a Problemer, mat deem sech de Ministère an deenen 30 Joer beschäftegt huet, hu sech mat der Zäit verännert, sinn awer net manner ginn, wéi et vun der Ministesch nach heescht. Dofir wier et all Dag op en Neits wichteg, Gläichstellung, d‘Rechter a Fräiheeten net als ofgeschlossene Prozess ze verstoen, mä als eng dauerhaft politesch a gesellschaftlech Aufgab.

All déi fréier an och déi aktuell Ministesche si sech eens, dass virun allem Gewalt u Fraen, falsch Stereotyppen a Rollebiller vu Mann a Fra hautzedaags nach ëmmer aktuell sinn a konsequent missten ofgebaut ginn.

Back to Top
CIM LOGO