2021 goufen 3.088 Tonne Verpackunge méi iwwert de bloe Sak gesammelt wéi nach 2019. En zefriddestellende Bilan, fënnt de Valorlux-Direkter Claude Turping, och wann ee sech eigentlech eng Augmentatioun vu 40% erwaart hätt. Allerdéngs wier de Sak jo réischt am Juli fir d’ganzt Land opgaangen, d’Ëffnung wier och nach an d’Summervakanz gefall, wou manner Verpackunge verbraucht ginn. E richtege Bilan kann deemno réischt fir d’Joer 2022 gezu ginn.
De Recycling-Taux vum bloe Sak louch 2021 bei 84,5%.
All d’Plastik-Fraktiounen, déi am bloe Sak erlaabt sinn, ginn och recycléiert. Mat Ausnam vun de PET-Barquetten an -Dëppercher. Dëst well se dacks mat Plastikfolien aus engem anere Material iwwerzu sinn. Si gi valoriséiert, also als Industriebrennstoff verwäert. Dat war 2021 fir 5,2% vun der bloer Sammlung de Fall.
Opfälleg ass, datt mat der Ëffnung vum bloe Sak 2021 den Undeel u Reschtstoffer, also Verpackungen déi näischt dra verluer hunn, ëm 1,6% an d’Luucht gaangen ass am Verglach zu 2019. A lo bei knapp 10,3% läit. Erlaabt ass en Undeel vu maximal 10%.
Eng méiglech Erklärung heifir wier e méi héijen Undeel u Folien wéi erwaart, seet de Claude Turping. Et wär een amgaangen, Upassungen un der Zortéiermaschinn ze maachen. Déi aner Observatioun: et ass méi Kartong am bloe Sak ze fannen. Zum Beispill plastiks Jugurtsdëppercher mat enger Schicht Kartong ronderëm. Doduerch erkennt d’Maschinn de Plastik net an zortéiert dës Emballagen aus.