
Dat huet de Buergermeeschter Romain Osweiler géintiwwer Wort Online confirméiert.
Den Ex-Spriecher vum US-Repräsentantenhaus mat Lëtzebuerger Virfahren hat zouginn, géintiwwer dem FBI gelunn an illegal Banktransaktioune gemaach ze hunn. Hie gouf zu 15 Méint Prisong veruerteelt. Den Dennis Hastert huet iwerdeems zouginn, dass hie während Joeren Jongen am Teenageralter sexuell mëssbrauch huet.
Hien ass awer net nëmmen Éierebierger vun der Gemeng Rouspert, mä och den neie Pompjeesbau dréit säin Numm. A tëscht gouf eng Plack mat sengem Numm drop erof geholl.
De Pompjeesbau wor 2005 a Präsenz vum Dennis Hastert, deen deemools Speaker vum Repräsentantenhaus wor, ageweit ginn.
15 Méint Prisong fir den Dennis Hastert
Den Ex-Spriecher vum US-Repräsentantenhaus mat Lëtzebuerger Virfahren hat zouginn, géintiwwer dem FBI gelunn an illegal Banktransaktioune gemaach ze hunn.
Hie krut ausserdeem eng Strof vun 250.000 Dollar.
De fréiere staarke Mann vun de Republikaner stoung jo ënner Verdacht 3,5 Milliounen iwwerwisen ze hunn, fir datt eng Persoun net mat Mëssbrauchsreprochë géint hien un d'Ëffentlechkeet geet. Den Dennis Hastert soll e Jonke während senger Zäit als Proff a Wrestlingcoach jorelaang mëssbraucht ze hunn. Dat huet de Republikaner vun 73 Joer am Prozess elo zouginn. Et geet awer vun op d'mannst 3 weidere Jonge Rieds.
Hie sot, hie géif sech ganz déif schummen. Den Denis Hastert huet sech bei Bierger, Frënn a Kollegen, mee och bei senger Famill entschëllegt.