Fonds KirchbergÉischt kollektiv Photovoltaik-Anlag soll 160.000 Kilowattstonnen am Duerchschnëtt produzéieren

Chris Meisch
Déi nei Anlag gouf um Freideg ageweit a si besteet aus ronn 400 Panneauen.

160.000 Kilowattstonnen am Joresduerchschnëtt, soll déi nei an éischt kollektiv Photovoltaik-Anlag vum Fonds Kierchbierg produzéieren, déi um Freideg de Mëtteg offiziell ageweit gouf. D’Solaranlag um Daach vun der Brigade vum Fonds Kierchbierg an dem Ponts et Chaussées, besteet aus Ronn 400 Panneauen, déi op enger Fläch vu ronn 800 m² verdeelt goufen. Mam produzéierte Stroum, deen ee sech versprécht, solle 95% vum Energiebedarf an den Hale vun der Brigade a 65 % vum Verwaltungsgebai kënne couvréiert ginn. Domat géingen op d‘Joer gekuckt, ronn 28 Tonnen CO₂ gespuert ginn.

Fonds Kirchberg: Éischt kollektiv Photovoltaik-Anlag ageweit
Si soll 160.000 Kilowattstonnen am Duerchschnëtt produzéieren a besteet aus ronn 400 Panneauen

A bei enger Liewensdauer vu Ronn 30 Joer, géinge mat der neier Photovoltaikanlag am Ganzen iwwer 760 Tonnen CO2 gespuert ginn. D‘Initiativ ass Deel vun der nationaler Energietransitiounsstrategie, a soll hëllefen d‘Ziler vum nationalen Energie- a Klimaplang, souwéi déi vum Europäesche Green Deal, dee bis 2050 e klimaneutraalt Europa virgesäit, z‘erreechen. D‘Installatioun wier en éischte Pilotprojet, fir en interne Stroum-Deel-System beim Fond Kirchberg, wéi de Marc Widong, Direkter vum FUAK, dem Fonds d‘urbanisation et d‘aménagement du plateau de Kirchberg, erkläert.

“Déi Anlag produzéiert net nëmme Stroum fir dat heite Gebai, do deckt se 95% iwwer den Dag gekuckt, mee mir hunn nach esou vill Stroum Rescht, dass mir déi kënnen iwwer eng communauté d‘énergie aspeisen a mir kënnen deen an eisem Bürosgebai rëm selwer notzen. Dat heescht mir verkafen eis selwer de Stroum iwwer de Reseau, deen dann en place ass.”

Zu Lëtzebuerg huet d‘Sonn heiansdo Schwieregkeeten sech duerchzesetzen. Do freet ee sech villäicht, ob Solarenergie de beschte Wee bei der Energietransitioun ass. D‘Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten ,Yuriko Backes ass iwwerzeegt:

“Et ass ee Wee, de beschte Wee, ech mengen, do si ganz vill Saachen, déi hei zesumme kommen. Dat heiten ass een Deel vun engem Gesamtkonzept wéi mir eis Klimaziler kënnen erreechen. Déi sinn ambitiéis, mee ech mengen och hei gesi mir, wat d‘Consommatioun ugeet, dass mir hei mat PV-Anlagen op Autoconsommatioun da kënne gréisstendeels zréckgräifen. Et soll och d‘batiment administratif hei ugeschleist ginn, an dass dat heiten ee Wee ass, wéi mir wierklech och weider kommen.”

Mam Bau vun der Photovoltaik-Anlag um Gebai vum Fonds Kirchberg wier et awer nach laang net gedoen, sot d‘DP-Ministesch. Déi meescht, wann net all déi nei Gebaier sollen eng Photovoltaikanlag kréien. Fir de Fonds Kirchberg soll dëse Projet als Modell fir zukünfteg Bauten déngen, besonnesch am Kontext vum neie Quartier Kuebebierg, deen op eng quasi CO₂-neutral Energieversuergung ausgeriicht gëtt. De Fonds Kirchberg betount, datt domat d’Energiekäschte méi stabil kënne geplangt ginn, an d’Gebaier vum Plateau progressiv dekarboniséiert ginn.

“Dat ass elo ee projet pilote fir eis, déi éischte Kéier wou mir dat maachen. Mir wëllen dat awer duerno deklinéiere fir déi nei Quartieren déi mir bauen, notamment de Quartier Kuebebierg, dee soll definitiv ganz oder méiglechst wäit elektresch sinn. Dat heescht, mir wäerten do vill Stroum produzéieren iwwer Photovoltaik, déi op de Gebaier ass. Mee mir wäerten dann och do ganz vill Stroum brauchen. Do ass da keng Gasheizung, do gëtt dann alles iwwer Loftwärmepompelen a Geothermie Hëtzt produzéiert, fir d‘Appartementer an d‘Büro‘en ze heizen, respektiv och fir d‘waarmt Waasser fir ze duschen.”

Panneaue géingen an der Reegel méi wéi 30 Joer laang funktionéieren. Wa se dono hir fin de vie erreecht hunn an ofgebaut musse ginn, kann een dem Stand Haut, ee groussen Deel vun de Metaller an anere Réistoffer recuperéieren – an se esou fir d’Produktioun vun neie Panneauen nees asetzen.

De ganze Projet huet de Fonds Kirchberg ronn 290.000 Euro kascht.

Back to Top
CIM LOGO