Note scientifique vun der ChamberLoutrengen, Rheinland-Pfalz, Saarland a Wallonie am beléiftste bei Lëtzebuerger Frontalieren

Dany Rasqué
Ëmmer méi Lëtzebuerger plënneren déi aner Säit vun der Grenz. Eleng a Rheinland-Pfalz liewen 10.000 Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit.

D’Zuel vun de Lëtzebuerger, déi op déi aner Säit vun der Grenz plënneren, geet zënter Joren an d’Luucht. Dat confirméiert eng Note scientifique vun der Chamber, déi sech mat Lëtzebuerger an der Groussregioun beschäftegt, déi hire Liewensmëttelpunkt nach am Grand-Duché hunn. Den Adr-Deputéierten Tom Weidig huet dës Recherche gefrot, ënnert anerem fir mol Zuelen ze kréien.

Dem Statec no waren zejoert 14.960 Frontaliere mat Lëtzebuerger Nationalitéit a Loutrengen, Rheinland-Pfalz, am Saarland an an der Wallonie gemellt, déi awer hei am Land schaffen. Aus den Zuele vun der Inspection générale de la sécurité sociale geet ervir, datt 2022 eng 3.600 aktiv Persoune Lëtzebuerg verlooss hunn, fir sech am Ausland néierzeloossen. Dovunner 90 Prozent an deene véier aneren Deeler vun der Groussregioun. Déi meescht Lëtzebuerger - an dat musse keng Leit sinn, déi nach um Aarbechtsmaart aktiv sinn - sinn a Rheinland-Pfalz gemellt. Dat sinn iwwer 10.000 Persounen.

Den Tom Weidig hat a senger Demande fir dës Recherche och geschriwwen, et géif, wéi et schéngt, eng héich Donkelziffer vu Lëtzebuerger, déi an der Groussregioun liewen an nach hei gemellt sinn. Hie wollt wëssen, wéi vill dat der kéinte sinn an ob dat kontrolléiert gëtt, mä dorops kritt hie keng Äntwert, well déi néideg statistesch a wëssenschaftlech Donnéeën net virleien.

Als Haaptgrond, fir Lëtzebuerg ze verloossen, ginn d’Immobiliepräisser genannt. Dacks och a Relatioun mat anere Grënn. Zum Beispill manner Akommes, well een an d’Pensioun geet oder well ee gescheet gëtt an awer probéiert seng Liewensëmstänn bäizebehalen.

Da gouf och gefrot, wéi eng Differenzen et gëtt tëschent de Lëtzebuerger hei am Land an deenen, déi an der Grenzregioun liewen. Do heescht et an der wëssenschaftlecher Nott zum Beispill, si wieren an der Moyenne méi jonk. Méi jonk heescht hei manner wéi 40 Joer. D’Frontalieren, egal wéi eng Nationalitéit, hätte méi en héijen Diplom a se hätte besser Chancë Proprietär vun engem Haus oder engem Appartement ze sinn.

Datt esou vill Residenten an d’Ausland plënneren, huet Konsequenzen op de Wunnengsmaart an der Groussregioun, wéi an der wëssenschaftlecher Nott confirméiert gëtt, esou datt d’Präisser op där anerer Säit vun der Grenz och klammen.

Back to Top
CIM LOGO