Strukture ginn ze klengËmmer méi Leit komme bei d'Stëmm vun der Strooss iessen

Marlène Clement
D'Aarmut am Grand-Duché hëlt zou an domadder och déi Leit, deene wéineg Sue fir hiert Iesse bleiwen.
© Marlène Clement

Hellegowend. Fir vill Leit bedeit dat mat der Famill zesummesetzen, gutt iessen, Kaddoen auspaken. Awer nach laang net fir jiddereen. D’Aarmut am Grand-Duché hëlt zou an domat och d’Unzuel u Leit, déi keen Daach iwwer dem Kapp hunn oder keng Sue fir eppes z’iessen. D’Marlène Clement war am Virfeld vun de Feierdeeg bei der Stëmm vun der Strooss zu Hollerech an huet sech do mat Mataarbechter a Beneficiairen ënnerhalen.

Iesse bei der Stëmm / Reportage Marlène Clement

Um 11.30 Auer mécht de Sozialrestaurant zu Hollerech seng Dieren op. Kuerz no 11 Auer awer ass schonn eng laang Schlaang virun der Entrée. An der Haaptsaach Männer. “J’ai 28 ans et je viens ici à la Stëmm pour manger, car ça m’aide et me donne un soutien pour pouvoir m’entretenir pendant la journée. Manger, prendre une douche, un peu de social, parler de ses problèmes. J’étais bien, j’ai deux enfants, vous voyez. Mais la vie change. Mais on garde l’espoir.”

Ënnert de Beneficiairen ass och eng 65 Joer al Fra, déi schonns zéng Joer bei d’Stëmm iesse kënnt. Si huet zwar wuel een Daach iwwert dem Kapp, fir d’Iesse bleiwen awer net vill Suen iwwereg. “Ech wousst am Ufank net, datt et d’Stëmm géif ginn an ech war eng Kéier bei Eltrona fir meng Televisioun an dunn hunn ech gesinn, datt hei ee Bistrot social wier. Soss hätt ech net gewosst.”

An deenen zéng Joer hätt sech vill geännert, fënnt si. Haut wiere vill méi Leit hei, wéi nach virun e puer Joer. Eppes wat och d’Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss Alexandra Oxacelay confirméiert. “Et fält eis op, datt vill méi Leit, vill nei Leit kommen, vill va et vient ass. An d’Strukture kommen net méi no, fir de Besoine vun de Leit entgéintzekommen.

Zejoert huet d’Stëmm vun der Strooss 243.000 Moolzechten an hiren dräi Sozialrestauranten zu Hollerech, Esch an Ettelbréck ausgedeelt. Dat ass ee Plus vun 23 Prozent am Verglach mam Joer virdrun. An et géing net manner ginn, fäert d’Alexandra Oxacelay. Den Dezember wier iwwerdeems ee ganz wichtege Mount fir d’Associatioun, do kéimen nämlech däitlech méi Spenden eran.

De Rescht vum Joer wier et awer leider net esou, bedauert d’Anna Albuquerque, déi zanter engem gudde Joer bei der Stëmm vun der Strooss schafft. “Pour moi, franchement, Noël, maintenant, dans le monde, c’est devenu commercial. C’est bien qu’on augmente les actions de solidarité à Noël, mais on devrait le faire tous les mois de l’année, pas seulement en décembre.”

Fir Hellegowend a Chrëschtdag ass d’Stëmm vun der Strooss iwwerdeems zou. Dofir gëtt awer op Chrëschtdag den traditionellen Noël de la rue vun der Croix Rouge zu Bouneweg organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO