Héicht FräiheetsbamEn Dënschdeg de Moien hat um CR181 en Auto gebrannt

Andy Brücker
D'Streck huet musse wärend de Läschaarbechte fir den Trafic gespaart ginn.
© Domingos Oliveira

En Dënschdeg de Moie géint 8.15 Auer huet um CR181 tëscht Stroossen an dem Briddel en Auto Feier gefaangen, dat op der Héicht vum Fräiheetsbam.

D’Strooss huet wärend de Läschaarbechte musse fir den Trafic gespaart ginn. Eréischt kuerz virun 10 Auer koum Entwarnung vun der Police, dass d’Streck nees op wier.

Et blouf beim Materialschued.

D’Pompjeeën aus der Stad waren an den Asaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO