Portrait vum Marc SpautzEn ongedëllege Schëfflenger mam Courage, e ganz waarmt Eisen unzepaken

Monique Kater
De Marc Spautz traut sech an iwwerhëlt en Dossier, dee scho bal méi wéi "e waarmt Eisen" ass. Den CSV-Politiker krut seng sozial Säit mat an d'Wéi geluecht a seet selwer, dass säin Häerz och haut nach fir d'Gewerkschafte schléit.
Marc Spautz - En ongedëllege Schëfflenger mam Courage, e waarmt Eisen unzepaken
De Marc Spautz traut sech an iwwerhëlt en Dossier, dee scho bal méi wéi “e waarmt Eisen” ass.

Dass hien als Aarbechtsminister déi Politik wäert ëmsetzen, déi am Intressi vu Land a Leit ass, dorunner zweiwelt de Successeur vum Georges Mischo net.

D’Rumeur, de Mischo géing, oder e géif gaange ginn, hu verschidden CSVler scho viru Méint gestreet, well se dat entweeder do scho woussten, et wollte wëssen, oder gemengt hunn, et ze wëssen.

Kloer ass: wann et tëscht Gewerkschaften a Regierung esou därmoosse flaamt wéi an der Lescht, wackelt de concernéierte Minister. An an dëser Situatioun kann d’Äntwert op d’Fro nom Numm vum Successeur dach bal nëmme Spautz sinn.

Dee wousst, wéi et schéngt, trotz Rumeuren, deemools näischt vu näischt. An de Premier? Och net. Deen ass sech op alle Fall awer haut mol sécher, dass dee Mann, deen elo Aarbechtsminister gëtt, keng Zäit brauch, fir sech anzeschaffen.

Duerch säi Papp, de Jean Spautz, och CSV-Minister a laang Gewerkschaftschef, wier hien a béide Beräicher aktiv ginn, seet de Marc Spautz, 1998, als fuschneien LCGB-Generalsekretär.

Mecanicien vu Formatioun an zënter 1981 an der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei dréit de Schëfflenger an den 90er scho mat un den LCGB-Schrauwen. Hie bleift Generalsekretär bis Mëtt 2011 an nawell roueg, wéi de Gewerschaftsbond op emol fonnt huet, dass en duebelt Mandat net mat all Numm kompatibel wier.

An der Emissioun Background am Gespréich erkläert hien, dass et effektiv net kéint sinn, dass e puer Leit vun der selwechter Partei fir den LCGB stinn an anengems e Mandat an der Chamber hunn. Dass hien an den Ali Kaes, net awer e Robert Weber, huet misse goen, ernimmt den Deputéierten net.

De Marc Spautz huet zanter 2004 seng Plaz um Krautmaart op der Schwaarzer Bänk, där hien en Touch däers “Roude vu Fréier” ginn huet. Ouni de fréiere Premier Juncker steet hien haut zimmlech eleng fir den S an der CSV a lant prompt op engem OGBL-Kongress.

Hien hätt sech alles kënne virstellen, mee dat awer net, sou den CSV-Fraktiounschef a fréieren LCGB-Generalsekretär a senger Ried. Prinzippie wieren him wichteg. An hie wéisst ëmmer nach, wou hien hier ass!

2013 ass de Marc Spautz schonn emol fir seng Partei an enger Regierungsëmbildung agesprongen, a gouf fir e puer Méint Familljeminister.

Den haut 62 Joer ale Politiker nennt sech 2016 an engem Wort-Interview Idealist, Monarchist, Autosgeck... an ongedëlleg... fir e Remaniement, bei deem et jo am Fong net ëm e Musée geet, mee ëm e Lëtzebuerg vu muer, kéint Gedold awer net vu Muttwëll sinn!

Back to Top
CIM LOGO