Spautz, Hansen, ZeimetPersonal-Ëmbau bei der CSV gëtt nach dës Woch ëmgesat

RTL Lëtzebuerg
Bis Enn der Woch dierft de personellen Ëmbau an der Regierung ofgeschloss sinn.
© RTL-Grafik

E Mëttwoch kënnt den CSV-Nationalrot am Centre Barblé zu Stroossen beieneen. Dëse Gremium vu ronn 100 Leit dierft dann do gréng Luucht ginn, fir de Marc Spautz als zukünftegen Aarbechtsminister an d’Martine Hansen als Sportministesch.

Da kënnt e Mëttwoch och d’CSV-Fraktioun beieneen, fir en neie Chef ze bestëmmen. RTL-Informatiounen no kandidéiert de Beetebuerger Député-Maire Laurent Zeimet fir dee Posten. De Laurent Zeimet sëtzt zënter Oktober 2023 fir d’CSV an der Chamber, nodeems hien tëschent 2014 an 2018 schonn emol um Krautmaart siegéiert hat an tëschent 2022 an 2023 Conseiller am Staatsrot war.

Eisen Informatiounen no huet de Parteipresident Luc Frieden senger Fraktioun matgedeelt, datt hie seng Kandidatur fir dee Posten am Fréijoer eng weider Kéier wäert stellen.

En Donneschdeg de Moie kritt de Georges Mischo am Palais Merci gesot. Duerno ginn déi zwee nei Ministere vum Grand-Duc Guillaume vereedegt. An der Suite ass d’Passation des Pouvoirs a béide Ministèren.

De Marc Spautz, deen neien Aarbechtsminister soll ginn, huet sech e Méindeg iwwerdeems zouversiichtlech gewisen, de sozialen Dialog nees ophuelen ze kënnen. Den LCGB-President Patrick Dury sot en Dënschdeg sengersäits och, et géif ee sech vum neien Aarbechtsminister “vill méi eng konstruktiv Approche” erwaarden.

Back to Top
CIM LOGO