
Ronn 2.500 Persoune kruten zanter 2017 via Optioun déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Iwwer dëse Wee kënnen ënner gewësse Konditioune Leit mat Lëtzebuerger Virfaren d’Nationalitéit kréien.
Ongeféier 500 vun den 2.500 Persounen hunn hiren Domizil zu Lëtzebuerg, gutt 1.100 a Frankräich, 400 an der Belsch, 130 an Däitschland, 100 a Groussbritannien, 75 an den USA an 20 a Brasilien. De Rescht verdeelt sech anerwäerts op der Welt.