SteierreformEng eenheetlech Steierklass vun 2028 un, plus nei Avantagë fir Leit mat klenge Kanner

Annick Goerens
De Finanzminister Gilles Roth huet en Dënschdeg de Moien an der Finanzkommissioun vun der Chamber confirméiert, dass et vum Waljoer 2028 u soll eng eenheetlech Steierklass ginn.
© RTL (Archiv)

D’Deputéiert begréissen, dass endlech eng eenheetlech Steierklass soll kommen. Dat géing fir méi Gerechtegkeet suergen. Problematesch bleift d’Finanzéierung. Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten:

“Dëse Mount wäerte mer nach de Budget an de pluriannuelle Budget stëmmen. A weder am Budget, nach am pluriannuelle geet rieds vun de Käschte vun dëser Steierreform. A mir stellen eis wierklech d’Fro, wéi seriö dat ass, fir der Chamber sou ee Budget ze presentéieren, wou awer Depensen tëscht 800 an 900 Milliounen Euro all Joers wäerte leien. An eng seriö Finanzpolitik misst dat och an hirem pluriannuelle Budget virgesinn.”

D’Sam Tanson bedauert donieft och, dass net dovu profitéiert gi wier, fir méi Gerechtegkeet an de System mat eranzekréien.

“Do sot ech dem Finanzminister haut, dass ech eigentlech frou wier, wann de Finanzminister Gilles Roth heiansdo méi géing op dat lauschteren, wat den Oppositiounspolitiker Gilles Roth senger Zäit gefuerdert huet, well hien notamment eben och dofir agetrueden ass, dass zousätzlech Tranchë solle fir déi ganz héich Revenuen uewen an der Steiertabell kommen. Bon, dat geschitt elo hei net.”

Dofir begréisst d’Deputéiert vun déi Gréng awer, dass ënner anerem d’Fuerderung mat agefloss ass, dass Kanner méi solle berécksiichtegt ginn. Do gouf eng Ouverture gemaach, erkläert de Finanzminister Gilles Roth.

“Wann ech soen, ‘ech wëll dem Phänomen Kand Rechnung droen’, da muss ech deem och steierlech Récksiicht droen. Wat elo als Pist ugeduecht ass, dat ass ee sougenannten ‘abattement petite enfance’. Dat heescht, dat ass een Abattement fir all Kand tëscht 0 an 3 Joer, déi Eltere géinge kréien, ob se bestuet, zesumme wunnen oder elengerzéiend sinn. An ech hu fonnt, dass dës nei Iddi generell positiv vun alle Fraktioune begréisst gouf.”

Wat d’Besteierung vun héije Revenuen ugeet, do léich de Spëtzesteiersaz haut scho bei 42 Prozent an am Koalitiounsaccord wier dat eben net virgesi gewiescht. Dat wier e politesche Choix gewiescht an do géing hie sech als Finanzminister drun halen, sou de Gilles Roth.

De Finanzminister Gilles Roth wëll, wann alles riicht geet, de 6. Januar der Ëffentlechkeet de Gesetzprojet vun der Steierreform presentéieren. Deen dierft also fir d’éischt an de nächste Wochen duerch de Regierungsrot goen. No engem Joer Debat soll de Gesetzprojet dann Enn 2026 gestëmmt ginn an 2028 a Kraaft trieden. Dat géing der Steierverwaltung ee Joer Sputt loossen, fir alles en place ze setzen.

Back to Top
CIM LOGO