D'Police deelt matEng Partie Abréch an en Iwwerfall mat Gewalt

RTL Lëtzebuerg
Bannent de leschte Stonne krut d'Police eng Partie Abréch, en Iwwerfall an och eng Rei Déifställ gemellt.

E Méindegowend gouf an e Keller vun engem Appartement zu Weimerskiech an der Stad agebrach. D’Brigange goufen awer vum Bewunner vum Appartement ugetraff an hunn doropshi mat de geklaute Saachen d’Flucht ergraff.

Iwwerdeems gouf an der Nuecht op en Dënschdeg an en Haus an der Rue du Bois zu Bierchem agebrach. Hei sinn d’Täter, éischten Informatiounen no, duerch eng Fënster erakomm. Si hunn e puer Raim vum Haus duerchwull, goufen awer wärenddeem vun de Bewunner iwwerrascht a si mat de geklaute Géigestänn fortgelaf.

A béide Fäll gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.

Informatiounen doriwwer, wéi Dir Iech kënnt géint Abréch schützen, fannt Dir hei.

Weiderhi mellt d’Police dann en Déifstall mat Gewalt an der Stad. E Méindegnomëtteg hunn dräi Fraen e Mann op der Héicht vun engem Tramsarrêt an der Stad géint eng Dier vum Tram gestouss, säi Rucksak opgemaach an him de Portmonnie geklaut. Duerno si si fortgelaf. Et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.

Schliisslech krut d’Police dann och nees eng Partie Déifställ aus Gefierer gemellt:

E Méindegowend gouf zum Beispill e Portmonni aus engem Gefier um Boulevard Baden-Powell zu Bouneweg geklaut. Um fréien Dënschdegmoie krut d’Police dann zwee Männer gemellt, déi an der Rue de la Déportation zu Gaasperech géife kucken, ob d’Diere vu Gefierer zougespaart wieren. Eng Patrull vun der Police ass op d’Plaz gefuer. Eng éischt Sich nom Täter ass awer negativ verlaf.

Och hei gouf a béide Fäll eng Enquête an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO