Op der Cloche d'orEng Persoun gouf vun engem Auto ugestouss

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS waren en Donneschdegowend bei zwee Accidenter am Asaz.
© Laurent Weber

Um 17.45 Auer gouf eng Persoun an der Rue Guillaume J. Kroll vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Hei waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad am Asaz.

Géint 19.10 Auer krut dann en Automobilist um CR333 tëscht Tratten an Houfelt e Bam ze paken. D’Ambulanciere vun Ëlwen an d’Pompjeeë vu Wëntger goufen op d’Plaz geruff. Et blouf awer beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO