Lëtzebuerg ënnert enger wäisser DeckenEsou verschneit huet et e Samschdeg uechter d'Land ausgesinn
E Samschdeg gouf et zu Lëtzebuerg ee Wanterdag, wéi aus dem Billerbuch.
Nodeems et e Freideg den Owend op de Stroossen nach deelweis chaotesch zougoung, war de Schéi e Samschdeg gréisstendeels geraumt an d’Leit si virun d’Dier gaangen, fir d’Wanterlandschaft bei beschtem Sonneschäin ze genéissen. Eng Rei vun hinnen hunn de Fotoapparat matgeholl - an RTL hier bescht Opname geschéckt.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
D’Chance, datt de Schnéi och déi nächst Deeg nach leie bleift, ass héich. An der Nuecht op e Sonndeg ginn d’Temperaturen op bis zu -5 erof an am Laf vum Dag soll et dann och dréche bleiwen. Lokal sinn nach emol e puer Schnéiflacke méiglech.
Och e Méindeg soll et bei Temperaturen ëm de Gefréierpunkt dréche bleiwen, ier et dann en Dënschdeg eng Grëtz méi waarm gëtt bei bis zu 3 Grad.
De Stauséi am Wanterkleed (21.01.2023)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wanter zu Gréiwemaacher (21.1.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
De Stater Park ganz wäiss (20.01.23)