Télévie-Spende fir d'KriibsfuerschungEt brauch keng Rekorder, all Cent hëlleft

Diana Hoffmann
E Samschdeg war et nees sou wäit: de groussen Ofschloss vum Télévie mat engem Resultat vu ganzer 1.454.376 Euro, déi zesumme koume fir d'Kriibsfuerschung.
Télévie-Spende fir d'Kriibsfuerschung: Et brauch keng Rekorder, all Cent hëlleft
E Samschdeg war et nees sou wäit: de groussen Ofschloss vum Télévie mat engem Resultat vu ganzer 1.454.376 Euro, déi zesumme koume fir d’Kriibsfuerschung.

Zwar gouf dëst Joer keen neie Rekord realiséiert, ma dorëms geet et och guer net, wéi d’Diane Wunsch erkläert.

“Ech si ganz frou, well an dësen Zäite vun der Kris a sou weider, fannen ech wierklech dat do ass e super Resultat. Et ass manner wéi d’lescht Joer an d’Leit soe mer ëmmer, ‘Diane bass de net enttäuscht?’. Nee, fir mech zielt all Cent an dat ass dat, wat wichteg ass.”

Dat ganzt Joer iwwer hu Benevolle fir den Télévie Sue gesammelt an domat och sensibiliséiert. E Samschdeg war op ville Plazen am Land déi grouss Finall. Dat mat groussem Programm, an deem och d’Musek eng grouss Roll gespillt huet. Eng Rei Prominenter aus Lëtzebuerg hunn iwwerdeem och eng Hand mat ugepak.

“Ech sinn immens frou, fir esou eng wichteg Saach hei zu Lëtzebuerg kënnen sangen, an och esou e groussen Event”, huet d’ESC-Kandidatin fir Lëtzebuerg, d’Tali, erzielt.

Déi éischt Kéier goufen och Influencer mat an d’Boot geholl, déi Saache versteet hunn.

“Et ass schéin ze gesinn, deen Zesummenhalt, deen Télévie einfach gëtt”, fënnt de Yaya van Chique vum Podcast “Paus”.

“Ech mengen, et gëtt ëmmer eng gutt Initiativ eppes Guddes ze maachen, eppes fir de gudden Zweck”, sou den Almin Hrkic, och bekannt als “Mood”.

Wéi gewinnt, goufen et och nees Centres de promesses. Dat dëst Joer zu Habscht, Waasserbëlleg an Noumer, grad ewéi zu Rodange, wou als Centre permanent vun der éischter Stonn un mat beim Télévie dobäi ass.

Och d’Grand-Duchesse Maria Teresa engagéiert sech ëmmer nees beim Télévie. Dat och aus perséinleche Grënn.

“Ech hu meng zwee Eltere verluer vum Kriibs. Ech war nëmmen 30 Joer al. A véier Joer hunn ech mäi Papp a meng Mamm verluer. Mir sinn all betraff, mir sinn all concernéiert, de près ou de loin.”

Immens vill Leit hu sech och dëst Joer engagéiert. Et sinn Amenter, déi sollen Hoffnung ginn, well duerch déi gesammelt Suen deet sech eppes. Schonn zanter dem leschten Télévie.

“Dat heescht an deem Joer, dat ass eng kuerz Zäit, si 17 Medikamenter erauskomm géint de Kriibs, déi et virun deem Joer nach net ginn huet. Dat heescht, dat war nëmme méiglech duerch Grondlagefuerschung op der ganzer Welt”, erkläert de Prof. Marc Diederich.

Nom Schluss vum Télévie 2024 steet dann och schonn deen nächste virun der Dier.

Déi grouss Télévie-Emissioun Revue passéieren

Op RTL Play fannt Dir nach eng Kéier déi ganz Live-Emissioun vum groussen Télévie-Dag 2024.

Déi véier Centres de promesses

Back to Top
CIM LOGO