Konferenze Medecins du monde"Et gi vill Problemer am momentane Gesondheetssecteur"

RTL Lëtzebuerg
De 15. Oktober wäert et 15 Joer hier sinn, datt Doktere vun der Welt hei zu Lëtzebuerg gegrënnt goufen.
Medecins du Monde: "Et gi vill Problemer am momentane Gesondheetssecteur"
De 15. Oktober wäert et 15 Joer hier sinn, datt Doktere vun der Welt hei zu Lëtzebuerg gegrënnt goufen.

Am Joer këmmere si sech em déi 1.300 Patienten, déi keng Krankekeess hunn, an dat mat enger Ekipp vun 13 Salariée an 140 Benevollen. Et géife vill Problemer am momentane Gesondheetssecteur ginn, esou de President Dokter Bernard Thill.

Ee Problem, un deem dréngend geschafft muss ginn, ass, datt de Pilotprojet Couverture Universelle des soins de santé, kuerz CUSS, ee legale Kader muss kréien, fir verfestegt ze ginn. Bis elo konnte och nëmmen 53 Leit un d’CUSS affiliéiert ginn an 18 coaffiliéiert Kanner. Et géifen awer vill méi Leit ginn, déi gesondheetlech Soine bräichten, esou d’Generaldirektesch Sylvie Martin.

D’Doktere vun der Welt ass net déi eenzeg ONG, déi sech ëm d’Wuelbefanne vun de Leit dobausse këmmert. Wierklech vill Kommunikatioun an Zesummenaarbecht géif et tëschent de verschiddenen Associatiounen awer net ginn, esou den Dokter Thill. Sech zesummesetzen an debattéieren, kéint hëllefen, verschidden Demarche ze vereinfachen.

D’ONGe misste sech ergänzen, fir et de Ministeren déi Hëllefe méi einfach ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO