LuxTrustEt gouf nees liicht Problemer um Donneschdeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
LuxTrust bestätegt op Nofro, dass d'Servicer en Donneschdeg zäitweis méi lues gelaf sinn.
© Image by kegfire on Envato

Nodeems et vun en Dënschdeg op e Mëttwoch scho grouss Problemer gouf bei LuxTrust, war et e Mëttwochowend d’Meldung, dass d’Problemer all behuewe waren.
Um Donneschdeg de Moie krut d’RTL-Redaktioun direkt vun e puer Leit gemellt, dass et net méiglech wier, sech mat der Smartcard z’authentifizéieren.

Op Nofro bei LuxTrust krute mer bestätegt, dass et um Donneschdeg de Moien “temporär Ralentissementer bei verschiddene Servicer” gouf. Et hätt een awer séier intervenéiert an d’Capacitéiten erhéicht, wouduerch kuerz duerno nees alles normal gelaf wier.

E Mëttwoch hat eis de Wirtschaftsminister Lex Delles erkläert, dass een zesumme mat LuxTrust analyséiere géif, u wat genee d’Probleemer en Dënschdeg an e Mëttwoch loungen. Hien hat d’Situatioun e Mëttwoch “inacceptabel” genannt.

Back to Top
CIM LOGO