Sou laang Pann inakzeptabel, sou de Lex DellesLuxTrust: D'Servicer funktionéieren zanter 20 Auer e Mëttwochowend nees alleguer

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg war et bei LuxTrust zu enger gréisserer technescher Pann komm.
Technesch Probleemer bei LuxTrust

Eng Partie Servicer, dorënner de MyGuichet, den Online-Banking vu ville Banken an eng ganz Rei aner Onlinedéngschter waren doropshin net méi disponibel. Et huet bis e Mëttwochnomëtteg gedauert, éier d’Pann behuewe war. Am fréien Nomëtteg haten éischt User RTL gemellt, dass si sech nees an hiren Online-Banking kéinten aloggen. Och de Site vun der Luxair géing nees normal funktionéieren.

Géint 16.10 Auer huet LuxTrust dunn och an engem éischte Schreiwes eng deelweis Entwarnung ginn. Déi verschidde Servicer géingen no an no nees normal funktionéieren. Weider heescht et, dass een eng Analys vun der Situatioun géing maachen an d’Conclusiounen, déi een aus dëser zitt, wäert matdeelen.

D'Schreiwes vu LuxTrust

Um 21.20 Auer huet LuxTrust dann an engem weiderer Schreiwes matgedeelt, dass alleguerten déi verschidde Servicer zanter 20 Auer e Mëttwochowend nees géifen normal funktionéieren.

Dat zweet Schreiwes vu LuxTrust

Nodeems de Probleem opkomm ass, huet LuxTrust jo am Interview mat RTL erkläert, et wier een amgaangen, drun ze schaffen. Eng Cyberattack kéint ee sécher ausschléissen, et wier eng technesch Pann un engem Dateserveur, dee fir den Ausfall verantwortlech wier, an déi misst behuewe ginn. E Stockage-Element vum Reseau wier en panne. Et wier “absolut keng Cyberattack” a keng Intrusioun vu Baussen. Bis e Mëttwoch de Mëtteg wëll een e groussen Deel vun de Servicer nees online hunn. De Schued kéint een aktuell net bezifferen, dat misst an enger zweeter Etapp gemaach ginn. Da wëll een och kucken, firwat de Problem net méi séier konnt geléist ginn. Et wieren zwar en zweeten an drëtte System en place, trotzdeem wier een ni à l‘ abris, erkläert den Fabrice Aresu. Den Direkter vu Luxtrust verséchert am Gespréich nach emol, dass d’Donnéeë vu Clienten a Staat sécher wieren.

Extrait Fabrice Aresu

Wat déi dacks kritiséiert Monopolstellung vum Luxtrust-Zertifikat ugeet, gesäit den Direkter Aresu dora kee Problem. Et kéint ee sech aktuell well bei MyGuichet mat GovID umellen, an um europäeschen Niveau géif de Wallet geschwë kommen, trotzdeem kéint et ëmmer eng Panne ginn. Déi wieren zwar rar, mä wa se virkommen, wier den Impakt do. Luxtrust wéilt weider mat den Autoritéite kooperéieren, fir d’Resilienz ze stäerken.

Ressortminister Lex Delles: Inakzeptabel, datt de Service sou laang net funktionéiert

Datt de Switch op en alternativen System net fonctionéiert huet, kann dem zoustännege Wirtschaftsminister Lex Delles natierlech net gefalen, dee kloer Wierder a senger Analyse fënnt:

“Mee et ass inakzeptabel, dass e Service wéi LuxTrust esou laang net fonctionéiert. Mir wäerten och elo analyséieren, zesumme mat LuxTrust, wourunner dat louch. Ebe grad déi Fro vun der Redundanz. D’Equippen hu vun dräi Auer un an der Nuecht dorunner geschafft, eng ganz nei Datebasis opzesetzen, déi se vun engem Backup haten, soudass se am Fong elo de System ganz nei rëm en place gesat hunn. Dat ka wierklech net sinn. Dofir gëtt et déi Redundanz. Dofir gëtt et déi Fro vun der Resilienz. A genau dat muss et opgeschafft ginn.”

De Lex Delles

Et stellt sech nach eng aner Fro nieft de Capacitéiten vun Resilienz an Noutfall-Mechanismen, déi am Fall vun esou enger IT-Pann misste spillen, grad wéi och der Kommunikatioun, déi quasi inexistent war. Nämlech déi no der Positioun vun der Gesellschaft LuxTrust, déi quasi de Monopol am Secteur vun den Client-Identifikatiounen huet, de Lex Delles erklärt:

“Wéi ass d’LuxTrust gegrënnt ginn? Dat war wéi nach keng Solutiounen esou um Marché waren. Do war Lëtzebuerg vir mat LuxTrust, fir et huet en place ze setzen. Do ass och zum richtege Moment de Staat erageklommen, fir eng Solutioun en place ze setzen, déi fir ganz Lëtzebuerg fonctionéiert. Déi Situatioun ass haut anescht. Et ginn och “Anbidder” m private Marché an Tëschenzäit, déi esou Saachen ubidden. Mir sinn do a reegelméissegem Kontakt, fir au moins e Backup ze hunn. Mir mussen och kucken, wéi mer domat weiderfueren.”

De Lex Delles (2)

No der grousser technescher Pann bei der POST ass lo also LuxTrust am Viséier vun Enquêten, déi op Basis vun dësem exzeptionellen Tëschefall ze geschéien hunn.

Monopol-Situatioun hannerfrot

Iwwer d’Problemer bei LuxTrust goufen och ewell e puer parlamentaresch Froe gestallt. Déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring wëll ënnert anerem wëssen, wéi eng essentiel online Servicer vun der Pann betraff waren an ob wéinst der Indisponibilitéit vum Service déi legal Delaien entspriechend verlängert ginn. Ausserdeem gëtt nogefrot, ob et keng Cyberattack war an ob d’Monopol-Situatioun vu Luxtrust mat den Exigencë vu Resilienz, Sécherheet an Disponibilitéit vun digitale Servicer kompatibel ass. Änlech Froe koumen e Mëttwoch och vum Sven Clement vun de Piraten, der Diane Adehm vun der CSV, dem Ben Polidor vun der LSAP oder der weiderer grénger Deputéiert Djuna Bernard. Wéi schonn d’Joëlle Welfring wëllen och déi aner Deputéiert wëssen, wat fir Auswierkungen dës Pann op déi verschiddenst betraffen Autoritéiten, Servicer an Entreprisen hat a vill stellen d’Monopol-Situatioun vu LuxTrust a Fro bzw. froen, ob no dëser Pann virgesinn ass, eng Backup-Léisung ze sichen.

Heirobber ze äntweren huet elo d’Digitalisatiounsministesch Stéphanie Obertin, den Educatiounsminister Claude Meisch oder den Ekonomiesminister Lex Delles.

D’Oppositioun iwwer d’Pann bei LuxTrust / Diana Hoffmann

Och Educatioun vun der Pann betraff

Well och de Fonctionnement vun der Educatioun vun der Pann bei Luxtrust betraff ass, huet den Informatikservice vun der Educatioun CGIE eng alternativ Solutioun en place gesat. Dat nodeems dësen eréischt géint 19 Auer Owes vu Luxtrust iwwert d‘Probleemer informéiert gouf. D‘Enseignanten hätten de Mëttwoch de Moie Bescheed gesot kritt, wéi si op d‘Servicer wéi Scolaria an d‘E-Bichelchen kënnen zougräifen. Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch op eng dréngend parlamentaresch Fro vun Déi Gréng.

Schreiwes vu LuxTrust vum 17. Dezember 2025

Back to Top
CIM LOGO