Detailer nach net bekanntEt kënnt e CGDIS-Zenter op Maarnech

RTL Lëtzebuerg
Et entsteet en Zenter vun der Kategorie III. Dëse gëtt nieft d'Nationale 7, net wäit ewech vum neie Rond-point gebaut.
© Domingos Oliveira / RTL

Dat confirméiert d’Inneministesch Taina Bofferding hirem Parteikolleeg Carlo Weber. Den LSAP-Norddeputéierten hat sech via parlamentaresch Fro informéiert.

D’Gemeng Clierf huet déi néideg Terraine kaaft.

Detailer iwwer d’Constructioun, d’Bauzäit an de Käschtepunkt ginn à ce stade keng genannt.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Carlo Weber

Back to Top
CIM LOGO