WHO zu LëtzebuergExercice fir d'Preparatioun op Krisen ze testen

Lynn Cruchten
Wärend zwee Deeg ware Vertrieder vun der Weltgesondheetsorganisatioun zu Lëtzebuerg. Am Fokus vun der Visitt stoung d'Krisegestioun.
WHO zu Lëtzebuerg
Exercice fir d’Preparatioun op Krisen ze testen

“The Universal Health and Preparedness Review”, kuerz UHPR, esou heescht eng Initiativ vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) mam Zil, Länner esou gutt ewéi méiglech op gesondheetlech Krisesituatiounen ze preparéieren. En Exercie, un deem nieft Portugal elo de Grand-Duché, als zweete Participant, deelgeholl huet.

Vertrieder vun der WHO waren an deem Kontext zwee Deeg zu Lëtzebuerg op Besuch. Ënnert der Koordinatioun vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet gouf op héijem Niveau, och mat nationale Vertrieder aus de Beräicher, Spidol, CGDIS, Defense a Recherche, am Sennenger Schlass diskutéiert an analyséiert.

Engersäits gouf Revue passéiere gelooss, wéi een zu Lëtzebuerg mat der Corona Pandemie ëmgaangen ass. Anerersäits gouf gekuckt, wéi sech de Grand-Duché vläicht besser kéint opstellen. D’Gesondheetsministesch Martine Deprez huet Erklärunge ginn:

“Mir si staark ofhängeg vum Personal, dat aus dem Ausland kënnt. Mir musse besser eis Datevernetzung organiséieren. A mer mussen eis net nëmme fir Virusse preparéieren, mee och fir Klimakrisen, mee och fir Konflikter weltwäit musse mer eis preparéieren.”

Fir an Zukunft besser preparéiert ze sinn, gouf e fiktive Kriseszenario duerchdiskutéiert. Dat heescht, et ass ee vun der Situatioun ausgaangen, dass an engem grousse Spidol e Virus ausgebrach ass, dee sech am ganze Land verbreet. Wie muss an deem Fall wien, wéini a wéi informéieren? Dat war d’Fro, déi et am Austausch ze beäntwere gegollt huet.

Den Dokter Hans Henri P. Kluge, Regionaldirekter vun der WHO fir Europa, huet erkläert, datt d’Missioun zu Lëtzebuerg, speziell well et e klengt Land ass, der Weltgesondheetsorganisatioun wichteg Erkenntnisser kéint liwweren. Hei géif nämlech d’Ofhängegkeet vun anere Länner zum Virschäi kommen an deemno déi néideg grenziwwerschreidend Kooperatioun a Krisefäll.

Ma och de Grand-Duché kéint bei dësem Exercice vill léieren, well een och gewuer géif, wéi aner Länner sech Krisesituatioune stellen, sot nach d’Gesondheetsministesch Martine Deprez.

Als nächst wäert Sri Lanka un der UHPR-Initiativ vun der WHO deelhuelen.

Back to Top
CIM LOGO