Rapport vun der SantéFäll vu Gripp gi just liicht erop, beim RS-Virus ass et eng méi däitlech Hausse

RTL Lëtzebuerg
D’Grippen-Epidemie ass amgaangen, ma d'lescht Woch gouf et just eng liicht Hausse vun de Fäll.
© RTL-Archiv

639 Fäll vu Gripp goufen offiziell bei der Santé gemellt, e Plus vun 2 Prozent. Am meeschte betraff sinn den Ament Kanner a Jugendlecher.

Den Ufank vun der Vakanz huet d’Entwécklung e bësse gebremst, ma d’Grippesaison ass nach ëmmer voll amgaangen. D’Santé mécht de Rappell, datt ee sech och elo nach géint d’Gripp kann impfe loossen. Déi Recommandatioun gëllt besonnesch fir Persounen iwwer 65 Joer, déi den héchste Risk fir Komplikatiounen hunn. De Vaccin wier nach ëmmer déi beschte Méiglechkeet, enger Gripp virzebeugen.

D’Infektioune mam RSV sinn d’lescht Woch ëm 8 Prozent geklommen, vun 260 op elo 281 Fäll. An 71 Prozent vun de Fäll si Kanner ënner 9 Joer vum Virus betraff.

D’Fäll vun diagnostizéierte Covid-Erkrankunge si par contre erofgaangen, ëm 19 Prozent par rapport zu der Woch virdrun. D’Konzentratioun am Ofwaasser ass awer eropgaangen, wat dorop hiweist, datt et hei eng gewëssen Donkelziffer kéint ginn.

Fir sech géint dës an aner Krankheeten ze schützen, kann een déi bekannte Gestes-barrières anhalen: seng Hänn grëndlech wäschen, een Nuesschnappech virun de Mond an d’Nues halen, wann der néitscht, an e gewëssen Ofstand zu senge Matmënschen halen - virop wann ee Symptomer huet.

Back to Top
CIM LOGO