
D’Fäll vun der Gripp, also der Influenza, sinn an der Woch vum 8. Dezember ëm 57 Prozent geklommen. Hunn d’Laboratoiren an der éischter Woch Dezember nach 376 Fäll festgestallt, sinn et der an der Woch drop schonn 590 gewiescht.
Beim RSV-Virus louch d’Hausse just bei 35 Prozent, hei goung et vun 170 op 230 Fäll erop.
Däitlech manner positiv Tester haten d’Laboratoiren am Land mam Bléck op de Covid-19. Hei huet een tëscht dem 8. a 14. Dezember 113 Fäll festgestallt, dat si 24 Prozent méi wéi déi 91 vun der Woch virdrun.
Fannt all d’Detailer a wéi ee sech géint eng méiglech Infektioun schütze kann um Site vum Gesondheetsministère.