Opgepasst, Arnaque!Falsch "Poliziste" froen no Wäertgéigestänn

Tom Nols
An der Lescht krut d'Police eng Rei Fäll gemellt, bei deene sech Onéierlecher als Polizisten ausginn hunn.
© RTL-Grafik

D’Arnaque funktionéiert esou:

Affer kréie vun engem presuméierte Polizist ugeruff, dee behaapt, dass a senger Noperschaft rezent puermol agebrach gi wier, an eng Rei vun den Täter awer scho gefaasst gi wieren. Dës hätten eng Lëscht mat Adresse vu potentiellen Affer bei sech gehat, dorënner déi Persoun déi grad vun hinnen ugeruff gëtt. Dowéinst géing d’Police bei déi Persoune kommen, fir den Inventaire vun hire Wäertgéigestänn ze maachen. Si géingen déi mathuelen, fir se ze dokumentéieren. Uschléissend kënnt ee vun de Brigangë laanscht, weist sech mat engem falschen Ausweis aus an hëlt d’Objete vu Wäert mat.

D’Police réit de concernéierte Leit, sech net ënner Drock setzen ze loossen an am Zweiwel den 113 unzeruffen. Ausserdeem erënnert d’Police dorun, dass déi beschriwwe Situatioun net hirem Virgoen entsprécht, an dass all Policebeamte lëtzebuergesch schwätzt a sech ausweise kann.

Ausserdeem ass et den Appell, besonnesch déi eeler Matbierger iwwert dës Arnaque z’informéieren an opzeklären.

Esou gesäit e richtegen Auswäis vun der Police aus:

© police.lu

Esou gesäit eng richteg Uniform vun der Police aus:

© police.lu

Back to Top
CIM LOGO