
Wéi et op Nofro bei der Police heescht, war et e falschen Alarm, deen hei ausgeléist gouf. Et hätt en Auto, deen e Problem mam Auspuff hat, den Alarm declenchéiert an esou d’Police wéi och de CGDIS op d’Plaz geruff. Kuerz drop hat sech erausgestallt, datt keng Gefor géif bestoen.
