
Méi genee war d’Feier an engem Haus an der Rue d’Asselborn ausgebrach. Kuerz virun 20 Auer huet et vun eisem Reporter op der Plaz geheescht, datt d’Feier wuel ënner Kontroll wier. D’Pompjeeë wieren deemno sur place, fir z’evitéieren, datt de Brand nach eng Kéier ugeet.
D’Rue d’Asselborn war fir den Asaz vun de Pompjeeë gespaart ginn. Wéi de CGDIS schreift, war de Rettungshelikopter mam Samusdokter op der Plaz, fir ee Blesséierten ze behandelen, esou wéi och d’Pompjeeë vu Ëlwen, Wolz, Klierf a Wëntger, dat, wéi et heescht, vu ronn 30 Mann.