Buttek an der Grand-RueD'Police mellt Abréch zu Ettelbréck a Colmer

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg gouf en Abroch an e Geschäft an der Grand-Rue zu Ettelbréck gemellt.
© Laurent Weber

De Brigang huet versicht, d’Keess matzehuelen. D’Police gouf alertéiert a wärend der Sich nom Abriecher gouf e weideren Abroch zu Colmer gemellt, bei deem zwéin Täter mat Vëloe geflücht wieren. Béid Männer goufen um Enn zu Biissen gepëtzt. Ee vun hinne konnt a Relatioun bruecht gi mam Abroch zu Ettelbréck.

Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum bei den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO