Fall gouf der Police en Dënschdeg gemelltFestnamen am Kader vu "Luxtrust"-Bedruch

RTL Lëtzebuerg
D'Affer huet ufanks op eng Phishing-Mail reagéiert, déi e Montant u Geld an Aussiicht stelle sollt.
© Image by kegfire on Envato

Den Dag drop du krut d’Affer vun engem presuméierte “Luxtrust"-Mataarbechter ugeruff, deen d’Persoun op de Bedruch opmierksam gemaach huet a matgedeelt huet, d’Bankinformatiounen, sou wéi d’Date vu Luxtrust ze brauchen, fir dës ze ersetzen. Kuerz drop ass dunn eng Persoun bei der Wunneng vum Affer opgedaucht, fir d’Bankkaarte vum Affer sichen ze kommen.

Am Kader vun den Ermëttlunge konnten zwee presuméiert Täter gestallt ginn. Beim Duerchsiche vun de Persoune konnt bei engem Verdächtegen ënnert anerem eng gréisser Zomm Geld, sou wéi d’Bankkaarte vum Affer séchergestallt ginn. Bei enger spéiderer Haus-Perquisitioun goufen du weider gréisser Zomme Geld fonnt. Op Uerder vum Parquet goufe béid Verdächteger festgeholl a koumen e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO