PolicebulletinFestnamen no Drogenhandel zu Esch an Déifstall aus Stater Lokal

RTL Lëtzebuerg
An hirem Bulletin mellt d'Police insgesamt dräi Festnamen am Laf vun e Mëttwoch.
Dräi Persounen huet d'Police en Donneschdeg festgeholl, zweemol wéinst Drogendelikter an eemol wéinst engem Déifstall.
© Laurent Weber

Zwou dovunner wéinst presuméiertem Drogenhandel. Beamte vun der Police haten zu Esch an der Rue Zénon Bernard an an der Brillstrooss e presuméierte Verkaf vun Drogen observéiert. De Keefer konnt kuerz duerno ugehale ginn, hien hat eng kleng Quantitéit Haschisch dobäi, déi séchergestallt gouf. Kuerz duerno gouf de presuméierte Vendeur gestallt a kontrolléiert. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. Donieft gouf nach eng zweet Persoun kontrolléiert, hei goufe sëllege Kokain-Bulle fonnt. Et gouf Protokoll wéinst Drogebesëtz erstallt an de Verdächtege koum en Donneschdeg de Moie virun en Untersuchungsriichter.

Eng weider Festnam gouf et dann och nach en Donneschdegowend an der Stad: An engem Lokal an der Kapuzinerstrooss hat e Mann en anere Mann bedrängt an him seng Goldkette geklaut, duerno koum et tëscht deenen zwee zu enger Ausenanersetzung. En Policepatrull huet de presuméierten Déif gestallt a bei enger Kierperkontroll och déi geklaute Kette séchergestallt. Och hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Donneschdeg de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO