Mann war der Police bekanntFestname wéinst Beleidegung a Menacen

RTL Lëtzebuerg
Am Garer Quartier huet e Mann, dee mat engem Bengel ekipéiert war, an engem Bürosgebai randaléiert.

E Freideg de Moie gouf der Police an der Rue Mercier am Garer Quartier an der Stad eng Persoun gemellt, déi an engem Bürosgebai randaléiert huet a souguer Mord-Menacen, sou wéi Beleidegunge geäussert huet. Dobäi koum, dass de Mann mat engem Bengel ekipéiert war. De Mann war scho kuerz virdrun opgefall a wollt d’Gebai dunn och net verloossen.

Wéi d’Police op d’Plaz koum, konnte si de Mann och effektiv do untreffen. Hie gouf op de Policebüro bruecht, wou da festgestallt gouf, dass d’Persoun schonn e puer Mol negativ bei der Police opgefall war. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Samschdeg de Muere virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO