Mat 1,4% vum PIB wäert et ee fragille Wuesstem ginn, dee vun der neier Regierung politesch misst begleet ginn. Ënnert de Prioritéite wéi Steieren, Aarbechtsorganisatioun, energeetesch Transitioun oder nach Logement sinn och gesond Staatsfinanzen. An do wier d’nächst Joer d’Diskussioun iwwert d’Pensiounsreform ganz uewen op der Lëscht. Am Koalitiounsaccord gesäit d’Chambre de Commerce gutt Usätz. Déi missten elo awer och séier an d’Realitéit ëmgesat ginn.