
An deem Schreiwes gëtt sech fir e Walrecht vu 16 Joer un op Gemengen-Niveau staark gemaach.
Beim Referendum vun 2016 gouf et jo e kloren „Nee“ zum Walrecht fir Jonker bei Chamber-, Europa- a Gemengewalen, mä d’JDL differenzéiert elo a wëll dat Walrecht just op Gemengen-Niveau a vun 2023 un.
Fir déi Jonk sollte schoulesch Begleet-Mesuren ausgebaut ginn, wéi beispillsweis de Civique-Cours am Secondaire, wouduercher den Interessi un der Politik och bei de Jonke kéint klammen.