Policekontroll zu Mamer an zu StengefortFir ee Chauffer war et mat am Ganzen 243 Euro richteg deier ginn

RTL Lëtzebuerg
Fir allgemeng méi Policepresenz ze weisen, hat d'Police en Donneschdeg eng grouss ugeluechte Kontroll zu Mamer an zu Stengefort duerchgeféiert.
© Police

Ee Chauffer krut e Protokoll, well hien am Besëtz vun illegalen Droge war an dës och konsuméiert hat. Eng weider Persoun krut e Protokoll vun 145 Euro an zwee Punkten um Permis ofgezunn, well se keng valabel technesch Kontroll hat, kee valabele Permis virweise konnt (24 Euro) an och nach ee Rass an der viischter Fënster vum Won hat, wat nach emol 74 Euro kascht huet.

Alkohol um Steier

En Donneschdeg den Owend krut d’Police e Gefier zu Maacher gemellt, bei deem d’Persoun hannert dem Steier wuel däitlech gedronk hat. Eng Patrull huet den Automobilist gestoppt a kontrolléiert. En Test ass positiv verlaf an e provisorescht Fuerverbuet ausgeschriwwen.

Dee selwechten Owend ass nach ee Chauffer zu Kielen opgefall. Och hei war net just den Alkoholtest positiv, mä en hat och kee valabele Permis. Méi spéit, an der Nuecht op e Freideg, hat d’Police och nach eng Vitesskontroll um Briddel gemaach. Do ass ee weideren Automobilist negativ opgefall. E war ze séier ënnerwee an hat gedronk. A béide Fäll war de Fürerschäi fort.

Back to Top
CIM LOGO