
En Donneschdeg war jo d’Evaluationscellule Dronen zesummekoum, ma och vum HCPN, dem Haut Commissariat à la Protection nationale huet et geheescht, d’Enquête wier nach am gaangen.
Wéi eescht de Virfall tatsächlech war, ass deemno nach net gewosst. Ma un d’Fligerpilote war en Donneschdeg an dësem Zesummenhang och eng offiziell Notifikatioun erausgaangen, all potenziell Dronenaktivitéit an der Géigend vum Findel direkt dem Tower ze mellen.
Déi Notifikatiounen wieren déi üblech Manéier, mat Piloten ze kommunikéieren, relativéiert de Gilles Rock, de President vun der Luxembourg Drone Federation. Fir de Findel seet hien awer "mir ass keng Notice-to-airman bekannt, wou et mat Incidenten, mat Dronen ze dinn hat."
De Findel ass eng vun de sougenannten No-Fly-Zonen hei am Land, déi fix sinn. Ma an der Géigend vu Medernach gëtt et keng esou eng Zone. Mee seet de Spezialist: "Et ginn och dynamesch No-Fly-Zonen, wéi zum Beispill elo fir den Tour de Luxembourg oder wann e Marathon ass an esou Geschichten, da ginn déi dann zäitweis eeben ugeschalt."
Wou de Velostour grad ënnerwee ass, gesäit een dofir och schéin op der Kaart. Ma ausserhalb vun deenen Zone gëtt et nawell Dronentraffic, wéi de Gilles Rock erkläert: "Mir sinn haaptsächlech déi Operateure bekannt, déi et fir professionell Zwecker notzen, an do ass een awer erstaunt wéi vill Dronen an der Luucht sinn. Dobäi kommen dann nach all déi Privat an Hobby Applikatiounen, wou ech keng Iwwersiicht hunn iwwer wéi vill Operateuren, also wéi vill Operateuren et ginn, dat weess ee schonn, mee wéi vill Leit da esou reegelméisseg an der Luucht sinn, weess een net, mee ech kann op alle Fall soen, datt fir professionell Zwecker erstaunlech vill Dronen all Dag ënnerwee sinn zu Lëtzebuerg."
Senger Erfarung no ass de Public oft besuergt, och wann alles an der Rei ass: "Effektiv ass et esou, datt een ëmmer vum allerschlëmmste Fall ausgeet. Datt et gëtt een ëmmer direkt sech dohinner gestallt, dass een eppes mécht, wat net okay ass, dass een den Dateschutz net berécksiichtegt oder datt ee kee Recht hat do grad ze fléien, wat eeben net de Fall ass. Ech mengen all professionell Operateure maachen alles, fir datt se am Legalen do sinn."
D'Cellule d’Evaluatioun Drone gouf eréischt am Mäerz dëst Joer an d'Liewe geruff an et war dës Woch déi éischte Kéier, datt se beienee war – et ass also nach en neit Instrument.
Wéi eng Reegele gëllen also fir d’Dronen?
Fir Drone bis 250 Gramm brauch ee keen extra Führerschäin, wat d'Loftrecht ugeet, seet de Gilles Rock. "Et soll een natierlech d'Privatsphär vun de Leit ronderëm respektéieren."
Fir méi schwéier Drone bis zu 25 Kilo ausserhalb vum urbane Raum ze dirigéieren, sou de President, bräicht een e Führerschäin, deen een online ka maachen: "A wann een dann an de Stied oder an de Gemengen iwwert de Leit oder iwwert de Gebaier beispillsweis Inspektiounen oder Vermiessunge wëll maachen, do gëtt et en anere Fürerschäin, deen een da mécht, do muss een d'Theorie léieren an dann en Exame bei der Direction de l'aviation civile dann och maachen."
Prinzipiell däerf ee bis zu 120 Meter héich fléien, fir de Fliger aus de Féiss ze bleiwen. Domat wieren déi meeschten Applikatiounen, fir déi Drone gebraucht gi, gedeckt. Fir méi héich ze fléien, misst een Autorisatiounen ufroen.
Detailer ginn et um Site vun der Direction de l'aviatioun civile!