"Wuerfir nach Politik?"Frank Engel fiert a sengem neie Buch queesch duerch d'Gesellschaft

Pit Everling
Wuerfir nach Politik? Déi Fro stellt sech de Fokus-Politiker Frank Engel an iwwerschreift säin neit Schrëftstéck mat genee deem Titel.
© Pit Everling (RTL)

Op 124 Säite Buch fiert den Ex-CSV-Chef eemol queesch duerch d‘Gesellschaft. De Pit Everling huet derduerch gebliedert.

Dat neit Buch vum Frank Engel - Reportage vum Pit Everling

Moies hallwer 11 an engem Stater Restaurant. De Frank Engel erkläert mat vill Passioun politesch Visiounen.
D’Zuel vu Pressevertrieder war – loosse mer soen – z’iwwerblécken. Kaffi oder Waasser gouf et net.

Datt e Politiker zum Auteur mutéiert, ass keng Raritéit, besonnesch kuerz viru Walen. An dat anert Joer geet et fir de Frank Engel a seng Partei Fokus bekanntlech ëm d’Wurscht, carrement ëm d’politescht Iwwerliewen.

Héich Zäit also sech z’expriméieren. Eng Rees an déi politesch Wierklechkeet nennt de Frank Engel et. D’Zong an d’Fieder si wéi gewinnt spatz: “Ech si lo befreit vun den Zwäng déi ech mol ka gehat hunn.”

Den Ielebou a Richtung CSV limitéiert sech awer op d’Säit 7. Wie weider bliedert fënnt net wierklech e Fuedem. De Lieser entdeckt éischter e Sammelsurium u Constaten, gesellschaftlechen Erausfuerderungen, geopoliteschen Enjeuen an awer och konkrete Proposen.

De politesche Stëllstand zu Lëtzebuerg wier net z’erdroen, ugefaange mat demokratesche Froen. D’Parteielandschaft ass iwwerlieft, d’Gewaltentrennung existéiert net, Lëtzebuerg brauch een eenzege Walbezierk an d’Regierung soll direkt gewielt ginn, fënnt de Spriecher vu Fokus: “E Regierungschef direkt wielen, deen dann d’Verfügungsgewalt iwwer d’Kompositioun vu sengen Truppen huet. E muss da mat enger parlamentarescher Majoritéit eens ginn. Dat geet. Dat geet an all gréisserer däitscher Stad.”

Reegelméisseg Referendume sollte gemaach ginn. Datt deen iwwer d‘Verfassung ofgesot gouf, wier politesch feig.
2015 goufen d’Froe falsch gestallt, fënnt den Ex-CSV-Mann. Eng Bedeelegung vun Net-Lëtzebuerger um demokratesche Prozess sollt awer zeréck op d’Tapéit kommen.

Den Index misst reforméiert ginn, sou eng weider Fuerderung. Et kéint net sinn, datt déi ganz uewen op der Salaires-Leeder d’nächst Joer 7,5% bäi kriten.

Net am Buch, mä bei der Presentatioun fënnt de Frank Engel et scho speziell, wéi eng Gruppen zu Lëtzebuerg alles der Meenung sinn, se misste finanziell méi valoriséiert ginn.

Sécher missten an der aktueller Kris Leit eppes bäikréien, mä...: “Ob dat sech elo queesch duerch de ganze soziale System muss zéien, queesch duerch den ëffentlechen Déngscht mat järlecher Progressioun Indextranche a Punktwäert-Erhéijung... Ech kommen iergendwann op de Punkt wou ech mer soen: Wann et ëmmer nëmmen ëm Geld geet, wourëm geet et dann nach? Si mer da wierklech an enger Situatioun, wou den Dokter zu Lëtzebuerg eng bematleedenswäert Kreatur ass?”

Gewëss Verhalensmuster vu Leit ginn dem Frank Engel op d’Nerven. Iwwerdriwwenen Individualismus, eng Cancel Culture oder radikal politesch Aktiounen. E Biergerdéngscht mat sozialem Engagement fir Jonker wier a sengen Aen eng gutt Saach.

De Standuert Lëtzebuerg misst e bëssen iwwer d’Grenzen eraus kucken an Zukunft. D’Groussregioun sollt mat agebonne ginn, vum Grand-Duché gefërdert- a gestäerkt ginn: “well alles dat doten ass op dësem Territoire net méi ze packen.”

Aner Themen am Wierk sinn d’Energie, den Ukrain-Krich oder nach d’Roll vu China. Ob dat neit Buch elo perséinlech Gedanke vum Frank Engel erëm spigelt oder an Avant-goût vum Fokus-Walprogramm ass, dat ass no der Lecture net sou ganz kloer.

D’Buch kascht 18€. 1.000 Exemplairë goufe gedréckt. Weider Wierker kéinten nokommen, sou de Frank Engel.

Back to Top
CIM LOGO