CLT-UFA verléiert och a Cassatioun
De fréiere Gewerkschaftspresident hat 2020 de Mammebetrib vun den RTL-Medien, CLT-UFA, op d’Geriicht geholl, fir dës Aschränkung fir zukünfteg Reportagen duerchzesetzen. Soss géing RTL seng Privatsphär verletzen. Hien hat an zwou Instanze Recht kritt, all Kéiers wa säi Numm fält, muss RTL 7.000 Euro bezuelen. Elo gouf dës Interdictioun och a Cassatioun confirméiert.
Den Affekot vun CLT-UFA Pol Urbany, sot an enger éischter Reaktioun:
“Ech sinn am Moment e bëssen erschreckt duerch dat Urteel, ech hat mer dat net erwaart. Mir haten de Parquet général, deen och op Cassatioun geschloss huet vun deem Urteel. Mir hunn och ganz vill gemaach a ganz vill Argumenter an d’Feld bruecht, fir dee Prozess ze gewannen. Elo sinn mer natierlech enttäuscht.”
De Parquet général hat effektiv op Cassatioun geschloss, well d’Riichter vum Fong negligéiert hätten, der enormer Mediatisatioun vun engem nationale Skandal Rechnung ze droen. Si, d’Riichter, hätten d’Gravitéit vun de Faiten negligéiert, wéinst deenen de fréiere Gewerkschaftspresident condamnéiert gi war. An de Schued, deen hien den Affer gemaach hat.
Hie war wéinst där Affär, déi an de Medie justement ënnert sengem Numm bekannt war an d’Aktualitéit iwwer laang Strecken dominéiert huet, 2007 an zweeter Instanz zu sechs Joer Prisong, dovun zwee mat Sursis verurteelt ginn. Dat wéinst Abus de confiance, Faux an Usage de Faux. Hien hat a senger Funktioun als President vun der Gewerkschaft eng Zort Investmentfong fir d’Memberen initiéiert, an deen Honnerte vu Bréifdréier hiert Gespuerten a Milliounenhéicht abezuelt haten, fir z’investéieren.
Ma de President hat sech ënnert anerem eng Finca zu Mallorca, Yachten an deier Autoe mat de Sue kaaft.
Hien huet seng Prisongsstrof ofgesiess an d’Affer kruten am Laf vun de Jore ronn 90 Prozent vun hirem Gespuertem zréck. D’Affer sinn deemno och haut nach net vollstänneg indemniséiert.
Direkt no der Sitzung hat de Pol Urbany den Arrêt nach net zougestallt kritt, konnt also net am Detail drop agoen.
“RTL huet scho ganz am Ufank vun dëser Affär gesot, wann dat doten Urteel bestoe bleift, egal op wéi engem Niveau zu Lëtzebuerg, wäerte mer op jidder Fall dat ufechten, well mir kënnen dat net zouloossen, datt mer eng Zensur hei à priori imposéiert kréien, wou mer eppes net däerfe publizéieren, wat awer historeschen an dokumentäre Wäert huet an am offiziellen Informatiounsberäich misst bleiwen.”
Op Nofro sot de Pol Urbany, datt den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter déi nächst Instanz ass:
“Et ass schonn decidéiert, datt mir op Stroossbuerg ginn. Dat heescht, mir maachen e Recours géint Lëtzebuerg als Staat, deem seng Justiz dat Urteel jo dann geholl huet, zu Stroossbuerg beim Mënscherechtsgeriichtshaff, wéinst Violatioun vum Artikel 10 a Violation vun der Liberté d’expression.”

D’Riichter um Fong waren der Meenung, d’Recht op Pressefräiheet engersäits an dat op d’Privatliewen anerersäits, wieren an der Balance, wann RTL nach kéint iwwer d’Affär schwätzen, mee ouni den Numm vun deem ze nennen, deen dofir verantwortlech ass a condamnéiert gouf. Ma de Parquet général hat a Cassatioun argumentéiert, si hätten déi noutwenneg zwéngend Grënn fir esou eng Aschränkung vun der Pressefräiheet selwer net genannt. D’Cour supérieure de justice huet déi Argumentatioun awer net zeréckbehalen.
D’Gewerkschaft vun de Bréifdréier war deemools no der Affär finanziell um Enn an huet sech misse komplett nei opstellen. De fréiere Gewerkschaftspresident hat deemools aus der Untersuchungshaft eraus selwer Presse-Interviewen ginn a spéider ënnert sengem Numm och e Buch iwwert d’Affär verëffentlecht, ënner dem Titel “Ich, alleiniger Sündenbück?”, wat och nach ze kréien ass.
Ma zanterhier hätt hie sech aus dem ëffentleche Liewen zeréck gezunn, hat säin Affekot virun de verschiddenen Instanzen argumentéiert. Weider RTL-Reportagen, an deene säi Numm am Zesummenhang mat der Bréifdréieschgewerkschaft géife genannt ginn, géifen d’Recht op Privatsphär vum haitege Pensionär schiedegen. Theoretesch däerfe mir säin Numm also och mol net méi nennen, fir beispillsweis ze soen, wéi hien an d’Grënnung vun där Gewerkschaft involvéiert war. De Parquet général hat dowéinst och argumentéiert, d’Verbuet wier ze generell. Dat wier och de Fall, fir d’Verbuet, Biller vum Mann ze weisen, well RTL net just keng aktuell Fotoen oder Videoen däerf weisen, mee och keng Archivbiller aus där Zäit, wéi de fréiere Gewerkschaftspresident am ëffentleche Liewen stoung.
Dëst Verbuet gëllt iwwregens just fir RTL-Medien. All déi aner si fräi, säin Numm ze nennen. Ma dem Pol Urbany no géif et elo e Risk, dass et an Zukunft zu änleche Plainte kënnt:
“Fir mech ass dat e bëssen die Büchse der Pandorra, déi een opmécht. Mat engem Urteel, wou elo RTL verurteelt ginn ass, gëtt d’Dier opgemaach, net nëmme fir den Här N. Mee fir all aner Leit och, déi iergendwann decidéieren an hirem Liewen, ma ech wëll net méi existéieren, mäi fréiert Liewen als Personnage public wëll ech net méi, datt et existéiert an da muss ee jo natierlech iwwerall sträichen goen, et sträicht ee sech deem Moment aus der Geschicht, aus der Histoire contemporaine eraus.”
D’Journalistenassociatioun gesäit an der Defaite vu CLT-UFA um Cassatiounsgeriicht géint de fréiere President vun der Bréifdréieschgewerkschaft “e Schlag an d’Gesiicht vun der Pressefräiheet”. D’ALJP kritiséiert d’Urteel an engem Communiqué “mat aller Schäerft” an och den Interimpresident vum Presserot Roger Infalt gesäit am Verdikt eng Gefor fir déi ganz Lëtzebuerger Press.
“A wa mir elo gesot kréien, datt mer een Numm vun esou enger Affär, déi eenzegaarteg ass a war an deene leschte 25 Joer hei zu Lëtzebuerg, wa mer déi Affär net méi däerfen esou nennen, wéi se am Fong heescht, ass dat eng Zensur fir d’ganz Press hei zu Lëtzebuerg. Net nëmme fir RTL, RTL, CLT-Ufa huet elo dat Urteel kritt, datt se esou vill missten bezuelen pro Kéier, wou se den Numm soen – mee wéi geet dat do virun?”
D’Urteel géif kloer géint d’Verfassung verstoussen a wier carrement Geschichtsfälschung, sou de Roger Infalt nach. D’Affär ëm d’Bréifdréieschgewerkschaft géif nun mol den Numm vun hirem deemolegen President droen. ALJP a Conseil de Presse ënnerstëtzen RTL dann och an hire weidere juristesche Schrëtt. Eng seriö Berichterstattung iwwer historesch Fakten dierft net verbuede ginn, sou d’Journalistenassociatioun.