
Am Ufank vun der zweeter Woch vum Prozess hunn zwee fréier Aarbechtskolleege vum ugeklote Gynekolog aus dem CHL ausgesot, sou wéi och säi fréieren, kuerzzäitegen Associé. Dem Ugeklote gëtt vu véier fréiere Patientinne Vergewaltegung a sexuell Belästegung reprochéiert. Hie soll si wärend der Consultatioun op net ubruecht Manéier am Intimberäich an un de Brëscht ugepaakt hunn.
Zwee Dokteren aus dem CHL war een Evenement vun ëm 2013 am Kapp bliwwen. Nämlech, dass eng Kéier eng Fra gefrot hätt, ob et normal wier, dass ee bei enger gynekologescher Ënnersichung am Intimberäich géing masséiert ginn. Ee vun hinne wier deemools nach an der Ausbildung gewiescht an hätt sengem Superieur dat weiderginn. D’Fro wier därmoossen aussergewéinlech gewiescht, dass e sech nach haut géing erënneren, sot hien. Et wier an der Klinik driwwer geschwat ginn, mee net doriwwer, wat d’Suitte wieren. Beim Mann, deem d’Faite reprochéiert goufen, géing et sech ëm den Ugekloten handelen.
Un eng vun de presuméierte Victimmen huet sech den Dokter och nach erënnert. Si hätt him och vun Attouchementer an deplacéierte Kommentaren duerch de Gynekolog erzielt, mee net am Detail an zu engem Ament, wou scho Plainte gemaach gewiescht wier.
Och en aneren Dokter erënnert sech, dass an der Klinik iwwert den Ugekloten am Kader vun den deemools reprochéierte Faite geschwat gouf. Awer och hie wousst näischt vun enger Suite. Hie wier ëmmer gutt mam Ugeklote gefuer, mee et konnt een eraushéieren, dass dësen net ëmmer mat senger Aarbecht zefridde war. De Medezinner huet dann nach betount, dass et fir e Gynekolog schwiereg wier, sech géint esou Reprochen ze protegéieren. Dofir géing hie bei Patientinnen, déi him géinge fragil oder onsécher schéngen, ëmmer froen, dass en net eleng mat hinne wier.
An der leschter Stonn vun der Sëtzung huet de fréieren Associé vum Ugekloten nach als Zeien ausgesot. Dräi Méint laang hu si sech e Cabinet gedeelt. Kennegeléiert hätten déi zwee sech Ufank den 90er Joren op engem Kongress an Argentinien. Den Zeie selwer ass d’Origine aus Südamerika, huet awer, ier en op Lëtzebuerg komm ass, a Frankräich gewunnt. Nodeem déi zwee sech an Europa op engem Kongress erëmgesinn haten, hätt den Ugeklote proposéiert, dass se sollen Associéeë ginn. Relativ séier wier et awer zu engem Sträit komm, wéinst der Manéier, wéi den Ugekloten d’Compta am Cabinet gefouert huet. Dëse Sträit ass domat op eng Enn komm, dass d’Weeër vun deenen zwee sech no just dräi Méint nees getrennt hunn an de Mann eng Plainte géint den Ugeklote gemaach huet.
No sengem Depart, si fréier Patientinne vum Ugeklote beim fréieren Associé a Behandlung bliwwen. Eng dovunner hätt hie gefrot, ob eng Massage am Intimberäich wärend enger Consultatioun normal wier. Déi virsëtzend Riichterin huet gefrot, ob hien hir geroden hätt, Plainte ze maachen. “Nee, ech hunn net gesot, se soll Plainte maachen, mee et misst signaléiert ginn. Un déi zoustänneg Autoritéiten”, huet de fréieren Associé ënnerstrach. Kuerz drop huet d’Riichterin hien da gefrot, ob hien eng vun de Plaintë vun de presuméierten Affer geschriwwen hätt? D’Affekote vun dem Ugeklote ginn nämlech opgrond vun der Schreifweis dovunner aus. De fréieren Associé huet awer betount, dass dat net de Fall gewiescht wier.
D’Affekote vum Ugekloten, also d’Lydie Lorang an de Frank Rollinger, hunn en Dënschdeg dann och nach eng Plainte wéinst Falschaussoe vun engem vun de presuméierten Affer deposéiert. Nämlech gleewe si der Fra net, dass si net méi wéisst, wien hir Plainte geschriwwen hätt. De Maître Rollinger hofft, dass de Parquet elo eng penal Prozedur lancéiert. Och bei den Aussoe vum fréieren Associé geet hien dovun aus, dass Falschaussoe gemaach goufen. Dofir wéilt een hei och nach eng zweet Plainte deposéieren.