
D‘Zuel vun de Gebuerte war zanter der Covid-Pandemie all Joers eropgaangen. Am Verglach mat zejoert wier et déi Kéier awer fir d’éischt erëm eng kleng Baisse vu ronn 200 Stéck ginn, esou d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. D’Nämmlecht Situatioun bei de Bestietnisser. Dëst Joer hu sech 520 Koppelen d‘Jowuert ginn, ongeféier 60 manner wéi 2024.
Da goufen nach dräi nei Trëppelweeër am Bambësch virgestallt vun all Kéiers ronn 10 Kilometer Längt. Am Konviktsgaart goufen e puer Zëmmere fir Kuerzopenthalter nei gemaach, esou d‘Stater Buergermeeschtesch.
„Fir Leit, déi sech mat dem Gedanken ofginn, fir an de Konviktsgaart, an d‘Altersheem ze kommen, déi awer léiwer fir d‘éischt eemol wëlle probéieren, oder awer och fir Familljen, déi eng Persoun doheem hunn, op déi si normalerweis oppassen, an déi awer dann aus iergend enge Grënn musse fortgoen, a se dann do wärend enger Woch, puer Wochen, bis zu dräi Méint ënnerkréien.“
D‘Lydie Polfer betount iwwerdeems nach eemol, dass fir Silvester kee Freedefeier vun der Stad Lëtzebuerg geplangt ass, an et och fir Privatleit aus Sécherheets-, Ëmwelt- an Déiereschutzgrënn net erlaabt ass, Freedefeier ofzeschéissen a Knupperte lass ze loossen. Ausser, esou d‘Stater Buergermeeschtesch, et huet een eng exzeptionell Autorisatioun vun der Gemeng.
„Ech mengen, mir hunn déi ganz seele privat verginn. Firwat ass et besonnesch elo geféierlech? Wann een a Stroossen ass, wou et ganz enk ass a wou Leit zum Beispill entweder Zelter hunn oder eppes aus Holz, do kann et ganz séier virkommen, dass do ee Feier kënnt a wierklech grousse Schued entsteet. Dofir kann ech nëmmen uroden, dat sinn ze loossen.“
Iwwer de Succès vun de Stater Chrëschtmäert freet sech d‘Stater Buergermeeschtesch immens. Dee wier enorm a géing vu Joer zu Joer méi grouss ginn, virun allem elo, wou d‘Chrëschtvakanz ugefaangen huet an de „Winterkids-Village“ um Knuedler opgaangen ass, wou speziell fir d‘Kanner Workshoppen, Opféierungen a Concerten ugebuede ginn.