Selbstbehaaptungscours bei der PoliceGeforesituatiounen erkennen, aschätzen a richteg reagéieren

Anne Wolff
Nuets eleng am Parkhaus, also bal eleng. Eng Situatioun, déi um Video zwar nogestallt ass, awer sécher vill leit kennen. En Ongutt Gefill, wat mécht ee lo?
Selbstbehaptungscours: Reagéieren amplaz nokucken
Nuets eleng am Parkhaus, also bal eleng. Eng Situatioun, déi um Video zwar nogestallt ass, awer sécher vill leit kennen. En Ongutt Gefill, wat mécht ee lo?

D’Bianca Scherer huet sech dofir beim Selbstbehaaptungscours vun der Police ugemellt. Schonn am éischte Cours ginn d’Participanten an d’kaalt Waasser gehäit. De Cours soll engem bäibréngen, ze reagéieren amplaz just nozekucken. Wat am Cours opfält, ass, datt vill Fraen dobäi sinn an d’Participante sech onsécher fillen.

D’Zuele weisen awer, datt d’Situatioun zanter e puer Joer relativ Stabil ass. De Steve Goedert a seng Kolleege wëllen de Leit hiert Sécherheetsgefill zeréckginn. D’Iddi fir de Cours huet de Steve Goedert aus Däitschland matbruecht. A 17 Woche sollen d’Participanten hei op den Eeschtfall virbereet ginn.

Back to Top
CIM LOGO