
En Automobilist huet an enger liichter rietser Kéier d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer an ass frontal mat engem aneren Auto kollidéiert. Geschitt ass dëst géint 12.45 Auer an der Schweecherdaulerstrooss zu Ielwen. Ee Chauffeur huet misse vun de Rettungsdéngschter aus dem Auto befreit ginn an en Dokter vum SAMU gouf op d’Plaz geruff. Béid Chauffere goufe blesséiert an an d’Spidol bruecht, ee mat der Ambulanz, déi uerg blesséiert Persoun koum mam SAMU-Helikopter an d’Spidol. D’Strooss bleift fir d’Enquête vun der Police (technesch Sektioun) gespaart.