
Der Gewerkschaft no wier een net dolaanscht komm, nodeems d’Beméiunge fir e richtege Sozialdialog mat der Direktioun vum TICE an de politesche Responsabelen zu näischt gefouert hätten. Andeems een den Dossier elo bei de Conciliateur wëll bréngen, géif een e kloert Zeeche setzen. Et géif net ëm Konfrontatioun goen, mee ëm Respekt an d’Anhale vu grondleeënde Prinzippien am ëffentlechen Déngscht.
D’FGFC fuerdert ënner anerem eng “Charte de collaboration”, déi de Sozialdialog an de Mëttelpunkt stellt, en externen Audit vum Tice a sengen Aarbechtsprozesser an eng koherent, transparent a realistesch Personal- a Budgetspolitik.