
D’Sonndesaarbecht an d’Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten am Commerce. Béid goufen ugeholl, allerdéngs just mat de Stëmme vun der CSV-DP Majoritéit.
Et wäert also an Zukunft fir Betriber am Commerce an am Handwierk méiglech sinn, d’Sonndesstonne vu 4 op 8 eropzesetzen. Awer just ënnert bestëmmte Konditiounen. Notamment e Kollektivvertrag. Allerdéngs brauch eng Entreprise mat ënner 30 Mataarbechter kee Kollektivvertrag auszehandelen, kritiséiert d’Deputéiert vun déi Gréng Djuna Bernard.
“De Seuil vun 30 Salariéen ass arbiträr. E steet a kengem systematesche Kontext vum Aarbechtsrecht. Et ass e politesche Kompromëss. [...] Am Géigesaz dozou, gëtt et d’ailleurs eng Zuel, déi kloer am Aarbechtsrecht verankert ass: 15 Salariéen. De Seuil ab dem eng Personal-Delegatioun obligatoresch ass. Dëse Seuil berout op der Iddi, dass ab där Gréisst eng kollektiv Vertriedung néideg ass, well d’Ofhängegkeet vun de Salariéeën eben zouhëlt.”
Den neien Aarbechtsminister Marc Spautz huet awer preziséiert, dass een de Seuil vun 30 Salariéë bäibehält. Den zweete Gesetzprojet, deen en Donneschdeg de Moie gestëmmt gouf, ass dee vun den Ouvertureszäiten. An Zukunft dierf vu moies 5 bis owes 21 Auer geschafft ginn. Och hei koum ganz vill Kritik vun der Oppositioun. De Marc Baum vun déi Lénk.
“Et ass och net geschitt, dass an deene Joren ekonomesch Analyse gemaach goufen. Wat dat da bedeit, wann een d’Ouvertureszäiten sou wäit méi grouss mécht. Keng Analyse si gemaach ginn, wat dat fir kleng Betriber bedeit, déi Schwieregkeete wäerten hunn, mat deem do kënne matzehalen. An dat huet jo dofir all Avis gesot, dee vun der Salariatskummer, iwwert dee vum Patronat, iwwer dee vum Staatsrot. Dat do ass eppes wouvunner primär just grouss Chaînë wäerte profitéieren, déi d’Méiglechkeeten hunn, sech esou z’adaptéieren, dass se kënne vill méi grouss opmaachen. An doduerch kënne méi grouss Undeeler vum Marché kréien.”
Och aus den eegene Reie koum Kritik. Vill Tankstellen dierfen elo 24 op 24 opmaachen, well se laanscht europäesch Verkéiersachse leien an dofir als strategesch wichteg gëllen, all déi aner net. Dat kéint awer zu Problemer bei der Nuetsrou féieren, kritiséiert de CSV-Deputéierten a Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter.
“Eng Tankstell mat engem Buttek, wou de Buttek elo 24 op 24 op ass, a wou d’Leit dann um 2 Auer, um 3 Auer, um 4 Auer an der Nuecht bäifueren - an dir wësst jo a wat fir engem Zoustand dat an der Nuecht meeschtens geschitt, jo... mee géift dir gären an enger Uertschaft wunnen, vis-à-vis vun esou engem Etablissement, wou elo an Zukunft 24 op 24 de Buttek op ass?”
Den zoustännege Minister Lex Delles sot dozou, et hätt een nach gutt sechs Méint, bis d’Gesetz géing a Kraaft trieden. Bis dohi wéilt hien zesumme mam Inneminister Gloden no enger Léisung fir déi Tankstelle sichen.
Grouss Kritik queesch duerch d’Oppositioun war iwwregens och, dass d’Diskussioun iwwer déi zwee Gesetzprojeten elo nach an de leschte Chamberdag vum Joer eragedréckt goufen. No der grousser Manif Mëtt des Joers, hätt ee souwuel den Deputéierten, wéi och den zoustännege Ministeren, dorënner och den neien Aarbechtsminister, méi Zäit misse ginn, fir dëse wichtege Projet ze debattéieren.