Konkurrenz fir d’AMMDGewerkschaft vun de salariéierte Spidolsdokteren huet Statutte geännert

Raphaëlle Dickes
Den Drock op d‘Dokteschassociatioun wiisst am Virfeld vun de Verhandlunge mat der CNS iwwer eng nei Konventioun.
© rtl

Op hirer aussergewéinlecher Generalversammlung um Méindeg den Owend huet d‘Gewerkschaft vun de salariéierte Spidolsdoktere MSH mat der Ënnerstëtzung vu méi wéi 75% vun hire Memberen eng Statuttenännerung virgeholl. Dorausser geet ervir, datt elo all d‘liberal Dokteren, déi eng Aktivitéit an engem Spidol hunn, der Gewerkschaft kënne bäitrieden.

Den Numm MSH steet deemno elo fir “Médecins du secteur hospitalier” an net méi fir “Médecins salariés hospitaliers”.

Communiqué_de_presse_MSH_20251201.pdf

Zil wär et deemno, d‘Interesse vun alle Spidolsdokteren ze vertrieden. Et wär ee fir een obligatoresche Konventionnement a géint eng total Fräiheet vun den Dokteren, fir Tariffer festzeleeën. Dat géif zu enger Zwou-Klasse-Medezin féieren.

An hirem Communiqué ënnersträicht d’MSH, dass d’Defense vun den Interête vun de Spidolsdokteren net als Zil hätt, géint den Interesse vun den Dokteren am Extra-hospitalier ze schaffen. Am Géigendeel wéilt een am Dialog mat géigesäitegem Respekt an an Zesummenaarbecht ee gemeinsaamt Zil verfollegen: eng kontinuéierlech Verbesserung vum Gesondheetssystem am Interesse vum Patient, den Dokteren an den Institutiounen.

Back to Top
CIM LOGO