
E Giischtjen aus dem Prisong Uerschterhaff gouf festgeholl. Hie gëtt verdächtegt, Drogen an Handyen an de Prisong erageschmuggelt ze hunn, wéi de Parquet matdeelt.
Och eng Persoun, déi an Untersuchungshaft sëtzt, an e Fournisseur sollen am Coup gewiescht sinn. Déi dräi Persounen haten d’lescht Woch Rendez-vous beim Untersuchungsriichter a koumen – respektiv bloufen – an Untersuchungshaft.
Dat Ganzt soll zënter Dezember ofgelaf sinn.

De Parquet ënnersträicht déi gutt Zesummenaarbecht tëscht Prisongsverwaltung, Police a Justiz, fir dës Affär séier op en Enn ze bréngen. Dass e Giischtjen an esou eppes verwéckelt ass, wier nämlech vun enger besonnescher Gravitéit, wat een direkt misst ënnerbannen.
De Parquet rappeléiert d’présomption d’innocence.