ÉisträichGrand-Duc Guillaume um Sommet fir Vertrieder vun däitschsproochege Länner

RTL Lëtzebuerg
Et ass déi éischte Kéier, dass de Grand-Duc Guillaume a senger Funktioun un dësem Treffen deel hëlt.
Zu Innsbruck hu sech d'Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner getraff
Zu Innsbruck hu sech d'Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner getraff
© JOHANN GRODER/AFP

Zu Innsbruck an zu Alpbach an Éisträich ass dëst Joer déi 22. Editioun vum informelle Sommet, un deem d'Staatscheffe vun den däitschsproochege Länner deelhuelen. Den Optakt vum zwee Deeg laange Meeting huet en Aarbechtsiessen zu Innsbruck markéiert. Dobäi huet den éisträichesche Bundespresident Alexander Van der Bellen Staatscheffen aus fënnef Länner begréisst, an deenen Däitsch geschwat gëtt.

De Grand-Duc Guillaume hëlt fir déi éischte Kéier a senger Funktioun als Lëtzebuerger Staatschef un dësem Sommet deel. Ënnert dem Motto "Zusammenhalt in Europa" sinn och de belsche Kinnek Philippe, den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier, den Ierfprënz Alois vun an zu Liechtenstein an de Schwäizer Bundespresident Guy Parmelin invitéiert.

Déi groussherzoglech Koppel am Gespréich mam éisträichesche Bundespresident Alexander Van der Bellen
Déi groussherzoglech Koppel am Gespréich mam éisträichesche Bundespresident Alexander Van der Bellen
© EXPA/ JOHANN GRODER/AFP

Fir den Nomëtteg war eng Visitt um Stubaier Gletscher geplangt, éiert déi verschiddenen Delegatioune virun der Innsbrucker Hofburg e "landesüblechen Empfang" kréien. Och nieft den offiziellen Termäiner soll et Geleeënheete ginn, fir sech auszetauschen. Sou sollen net nëmmen d'Politiker matenaner schwätzen, mee och déi matgereeste Frae solle sech gesinn an austauschen.

E Mëttwoch wäert et weidergoen an den Europäesche Forum Alpbach. Do ass eng Aarbechtssëtzung zum Thema "How Europe wins" geplangt. Ausserdeem wëlle sech déi verschidde Staatscheffe mat Studenten aus hire jeeweilege Länner austauschen.

Back to Top
CIM LOGO