D’Buergermeeschtesch Monique Hermes huet eis op Nofro confirméiert, datt et eng Ausernanersetzung gouf. Bei deem Sträit tëscht véier Persoune wier RTL-Informatiounen no och e Messer am Spill gewiescht. Dës Informatioun gouf e Samschdeg de Moien vun der Police confirméiert.
Wéi d’Police confirméiert, ass am Sträit am Sous l’Arc zu Gréiwemaacher eng Persoun mat engem Messer um Réck verwonnt ginn. D’Affer koum mat Schnëttverletzungen an d’Spidol, wéier éischten Erkenntnisser no awer net a Liewensgefor, sou d’Police.
Wou d’Beamte bis op der Plaz waren, waren déi Bedeelegt scho geflücht. Mat Hëllef vun Zeiebeschreiwungen gouf no de Verdächtege gesicht, dat och mam Policehelikopter. Dräi presuméiert Täter konnte méi spéit vun de Beamten interpelléiert ginn a sinn op de Policebüro komm.
Op der Plaz vun der Dot gouf ënnert anerem e Messer op Uerder vum Parquet saiséiert, ma och aner Spuere goufe séchergestallt.. Ee Jugendlechen, deen an d’Ausernanersetzung verwéckelt war, ass op Dräibuer bruecht ginn. Soss Hannergrënn zu de presuméierten Täter gëtt d’Police keng. D’Enquête géif nach op Héichtoure lafen.
Nieft Policepatrullen an Ambulanze war wärend der Sich och de Policehelikopter um Freideg iwwer Maacher am Asaz.
