Conseil d'EtatGréng Luucht fir Gesetz iwwert Medezin baussent de Spideeler

RTL Lëtzebuerg
Am Mäerz hat de Staatsrot nach "Nee" zum Gesetzprojet gesot, ma no Ännerungen huet e seng Bedenke fale gelooss.

Viru 4 Méint de Staatsrot nach kritiséiert, datt verschidden Apparater just a Spideeler dierfe genotzt ginn, dat wier eng Restriktioun fir d’Ausübung vun engem liberale Beruff.

Et goufen eng Rei Amendementer um Text gemaach an d’Auteure vum Projet hu verschidden Dispositiounen zousätzlech motivéiert.

An engem Avis complémentaire léisst déi héich Kierperschaft elo hir Bedenke falen, vu d’Urgence beim Accès op verschidde medezinesch Ënnersichungen, vu d’Ängschte virun engem secteur extrahospitalier, deen net gereegelt ass a vu d’Méiglechkeet, datt de Staat sech bei zousätzleche Sitte finanziell bedeelegt, esou schreift et de Conseil d’Etat am Avis.

De Staatsrot ass iwwerdeems der Meenung, datt et verpasst gouf, e Plang auszeschaffen fir déi zukünfteg mise en place vun engem système extrahospitalier. D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert wëll jo, datt déi concernéiert ambulant Strukture, wou zum Beispill IRMe bedriwwe ginn, un d’Spidolsgruppe ralliéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO