De 4. August hunn d’Douanieren am Cargo Center vum Findel bei enger routineméisseger Dokumentekontroll e puer Onstëmmegkeete bemierkt. Vum Lëtzebuerger Parquet heescht et, et hätt ee sech decidéiert, de Fall eréischt elo public ze maachen, fir d’Ermëttlungen net ze gefäerden.
Betraff waren dräi Palletten, déi mat engem Cargo-Fliger aus den USA ukomm waren. De Pabeieren no sollten an der Liwwerung Bamwoll-Bettdecke fir eng hollännesch Entreprise dra sinn. Ma op Verdacht hin hunn d’Beamte vun der Douane decidéiert, d’Liwwerung mat engem Scanner méi genee ënner d’Lupp ze huelen. Hiren Doute huet sech an deem Ament confirméiert.
D’Beamten hunn d’Päck opgemaach an dobäi ganzer 903 Vakuum-Beidel mat Marihuana fonnt. Insgesamt hat déi illegal Liwwerung e Gewiicht vu ronn 600 Kilo. Toxikologesch Analysen hätte confirméiert, datt et sech ëm Droge vu gudder Qualitéit gehandelt hätt, esou de Parquet e Méindeg de Mëtteg.
D’Police gouf informéiert an huet hire Kolleege vun der Douane ënnert anerem dobäi gehollef, déi saiséiert Droge genee ze dokumentéieren. De Parquet huet d’Saisie ordonéiert. Well déi illegal Wuer net fir den nationale Marché geduecht war, gouf mat de belschen an den hollänneschen Autoritéite fir déi weider Demarchen zesummegeschafft.
De 7. August goufe Palletten ënnert Police-Surveillance un déi virgesinn Adress an Holland geliwwert. Op dësem Punkt seet de Parquet, et kéint ee keng weider Detailer nennen, fir d’Ermëttlungen net ze gefäerden.
Esou vill dierf awer gesot sinn: D’Persoun, déi d’Droge-Liwwerung unhuele sollt, gouf vun der Police in flagranti erwëscht a festgeholl. D’Ermëttlungen an Holland an deem Kader gi weider, ma et gouf de 17. November schonn eng éischt Audience virun engem hollännesche Strofgeriicht.