Bei der sougenannter “Hazeldonk"-Kooperatioun ass vun de Beneluxstaaten a Frankräich den internationalen Drogeschmuggel viséiert. Verschidde Servicer vun der Police a vun der Douane hunn an deem Kader e Mëttwoch am nationale Fluchhafen um Findel kontrolléiert.
27 Membere vun der Police a 24 Agente vun der Douane waren am Asaz, an hunn 393 Passagéier, 293 Gepäckstécker a véier Fligeren ënnersicht. Infraktioune goufe keng constatéiert, an awer ass et wichteg, déi eenzeg Grenz baussent dem Schengeraum op den Import vun illegale Substanzen ze kontrolléieren.
D’Kooperatioun “Hazeldonk” tëscht der Belsch, Holland, Frankräich a Lëtzebuerg gëtt et zanter 2006 a cibléiert organiséiert Reseauen, déi iwwer Grenzen ewech Drogenhandel bedreiwen. Gemeinsam Kontrolle gi gemaach op de Stroossen, am Zuchtrafic an am Loftverkéier. Den Numm vum Projet kënnt vum klengen hollänneschen Duerf Hazeldonk, dat op der belscher Grenz läit op enger vun den Haaptstroosse vun europäeschen Drogeschmuggler.