Wat soen d'Wiederprevisiounen?Hellegowend a Chrëschtdag annoncéiere sech kal awer frëndlech

RTL Lëtzebuerg
Knapp ënner oder liicht iwwer 0 Grad Celsius erwaarden eis op de Feierdeeg.
© Domingos Oliveira

E Mëttwoch, also Hellegowend, erwaart eis Kachelmann-Wetter no eng deels och frëndlech Mëschung aus Sonn an deels méi dichte Wolleken. Et soll awer dréche bleiwen. Et gëtt awer lëfteg bei Wandstéiss tëscht 50 a 60 Kilometer an der Stonn. Op den Éisleker Koppen muss een domadder rechnen, datt d’Temperaturen ënner 0 grad wäerte bleiwen, d’Previsioune schwätzen hei vu -2. Un der Musel dogéint wäerte se sech bei +3 apendelen, wat engem awer duerch de Wand méi kal virkomme kann.

Chrëschtdag selwer bleift et kal an dréchen, begleet vun engem kale Wand. D’Temperaturen hei leien am Dag tëscht -1 a +3 Grad, nuets kënne se MeteoLux no esouguer op -4 erofgoen. Den zweete Chrëschtdag e Freideg ass den aktuelle Previsioune bal eng Copy vum Dag virdrun, mat 0 bis 4 grad awer ganz liicht manner Kal.


Sonneg an dréchen annoncéiert sech aktuell och de Weekend, mat e Sonndeg esouguer am Dag ëm déi 3 bis 5 Grad, nuets awer tëscht -3 a -1.



Back to Top
CIM LOGO