
D'Situatioun ass séier eskaléiert an de Mann huet de Mataarbechter vum Supermarché géigeniwwer souguer Mordmenacen ausgeschwat. Op der Plaz huet d'Policepatrull de Mann ugetraff an et huet sech erausgestallt, datt en an de leschte Méint wuel schonn e puer mol negativ opgefall wier. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl, deelt d'Police e Mëttwoch mat.